Vum 22. Oktober bis zum 21. November ass Rëmeleng d'"Gemeng vum Mount" an deelt sech deen Titel bis den 13.November mat de franséische Partnergemengen.

Am Kader vun Esch2022 steet jo all Mount eng aner Gemeng am Mëttelpunkt a bitt en diversifizéierten, kulturelle Programm un. Nodeems Käerjeng, Péiteng, Beetebuerg, Diddeleng, Suessem, Schëffleng, Monnerech an Déifferdeng schonn un der Rei waren, réckelt dëse Mount Rëmeleng an de Fokus.

Mat senge 6,83 Quadratkilometer ass Rëmeleng zwar eng vun de klengste Gemengen aus dem Land - ze kucken an ze maache gëtt et hei awer méi ewéi genuch. Wosst dir zum Beispill, dass den eelsten, nach benotzte Kino zu Rëmeleng ass? D'Gebai an deem den "Ciné Kursaal" ass, gouf nämlech schonn 1908 gebaut. 1911 gouf et dunn an e Kino transforméiert.

Am Kader vun hirer Participatioun un der europäescher Kulturhaaptstad ginn och zu Rëmeleng eng Rëtsch nei Saachen ugebueden. Do wier zum Beispill de Projet "((( CDLR-76 )))", organiséiert vum Laura Mannelli a Cedric Fischer.

De "Projet-Phare" ass awer de "Spektrum", deen den Ament als Pop-Up géigeniwwer vun der Gemeng funktionéiert a wou d'Leit kënnen u Projeten, Workshoppen an Atelieren deelhuelen oder sech Filmer an 360-Grad ukucken. Vue dass de Projet och no Esch2022 soll weidergefouert ginn, plënnert de "Spektrum" de Weekend vum 11. November an d'Haus, wou de Lëtzebuerger Kënschtler Albert Hames gewunnt a geschafft huet.

Méi Informatiounen zum "Spektrum" fannt dir hei.