D‘Expo, déi am Kader vun Esch 2022 gewise gëtt an den Alldag vu Pendler soll simuléieren, leeft nach bis de 5. Februar 2023.

"Frontaliers – des vies en stéréo" - Sou nennt sech déi nei immersiv Ausstellung, déi den Ament am Kader vun Esch 2022 an der Massenoire zu Esch-Belval ze gesinn ass.

De Projet vum Fotograf Samuel Bollendorff an dem Tounregisseur Mehdi Ahoudig lued de Public dozou an, sech visuell, wéi och akustesch, mat de perséinleche Geschichten a Schicksaler vu franséische Grenzpendler auserneenzesetzen.

Monumental Fotoen a Projektioune loossen de Public an d‘Liewen vun deene Mënschen andauchen, déi fir hir Aarbecht Dag fir Dag stonnelaang Trajeten aus der Lorraine op sech huelen, fir hei zu Lëtzebuerg an de Genoss vu Paien ze kommen, déi deelweis duebelt esou héich sinn, wéi a Frankräich. "Frontaliers. Des vies en stéréo" baséiert op enger Etüd, déi de Fotograf Samuel Bollendorff an den Tounregisseur Mehdi Ahoudig 2020 gestart haten.

Den Haaptgedanken hannert dësem Projet war et, fir de frankophone Frontalieren eng Stëmm ze ginn an iwwerdeems déi vill Facetten vum Grenzpendelen ze weisen, och déi negativ.

Déi zwee Kënschtler experimentéieren zesummen mat neien Formen vum audiovisuellen Erzielen an erfuerschen esou den Dialog tëschent Bild an Toun. Hir Ausstellung an der Massenoire bezitt de Visiteur physesch an akustesch an d‘Biller mat an a léisst en esou eng intim sensoresch Erfarung erliewen.

Parallel dozou hunn déi zwee Kënschtler och den Documentaire "Il était une fois dansl’Est" realiséiert, deen an enger Partie Kinoen, wéi och den 10. November op France 3 Grand Est, gewise gëtt.