Dat historescht Bridderhaus zu Esch gouf am Kader vun Esch 2022 komplett renovéiert an zu enger Kënschtlerresidenz ëmfunktionéiert.

Och de Public soll hei an Zukunft déi verschiddenst artistesch Projeten entdecke kënnen. Sou z.B. de Salon vum Helen Buchholtz.

E villfältege Projet, bei deem sech alles ëm d‘Aarbecht vun där éischter Lëtzebuerger Komponistin dréint, där hiren Numm kaum engem e Begrëff war, bis 1998 eng Wallis mat hire Manuskripter opgedaucht ass

Museker wéi de Claude Weber an d‘Mady Bonert, huelen de Public déi nächst Wochen iwwer mat op eng Zäitrees an dat 19. an 20. Joerhonnert a loossen d‘Traditioun vum kënschtleresche Salon nees opliewen. Beliicht ginn d‘Liewen an d‘Wierk vun der Komponistin Helen Buchholtz, déi 1877 zu Esch gebuer gouf. De Claude Weber beschäftegt sech schonn zanter 20 Joer mat hirer Musek an huet schonn en etlech Projeten ëm dee besonnesche Personnage mat an d‘Liewe geruff.

Och wann de Fokus vum Salon um Helen Buchholtz läit, war séier kloer, dass een hiert Wierk wéilt a Bezuch zu anere Länner, aneren Zäite oder anere gesellschaftlechen Ëmstänn setzen. Sou loossen de Claude Weber an d‘Sopranistin Mady Bonert de Public den 3. November z.B. och Lidder a Melodien aus der Belsch an Holland entdecken.

Um Programm vun dësem Salon stinn awer net just Concerten, ma och Manifestatioune wéi Liesungen, Konferenzen an Atelieren. Et ass ee besonnesche Projet, deen och no engem aussergewéinleche Kader freet. Mat ale Miwwelen, Wierker aus der Konschtsammlung vun der Stad Esch a speziell ugefäerdegten Textilaarbechte vum Laurie Lamborelle, huet de Christian Aschmann Raim mat privatem Charakter kreéiert.

De Salon vum Helen Buchholtz leeft bis den 22. Dezember an dat vu méindes bis Sonndes. De „Jour fixe“ fir d‘Haaptevenementer ass den Donneschdeg.

Wien interesséiert ass, dee gëtt am Replay vum Art Eck an am Podpurri mam Claude Weber nach méi iwwer déi Lëtzebuerger Komponistin an de Salon am Bridderhaus gewuer.