Am Kader vun Esch 2022 ass aktuell déi drëtt grouss Expo an der Möllerei op Esch-Belval ze gesinn.

E Mëttwoch hu sech de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Marie Teresa d'Expo "In Transfer - a new condition", déi an Zesummenaarbecht mat dem Centre Ars Electronica vu Linz entstanen ass, an der Möllerei op Esch-Belval ugekuckt.