De Claude Neu suergt mat sengem Blog fir den Iwwerbléck iwwer déi 10 Deeg vum Festival an deelt esou seng Andréck, Kritiken a Rencontere mat.

Am 6. Deel vum Blog kucke mer fir unzefänken e bësschen iwwer de Rand vum Festival eraus. Et geet schonn ëm e Film, deen ech am Kader vum Festival kucke war, mä am Kontext vun der Carte Blanche, déi dem Haaptsponsor "Orange" offréiert gouf. An deen huet mat "Mr & Mme Adelman" dee richtegen Treffer gelant. Dem Humorist Nicolas Bedos säin éischte Film als Realisateur ass geneesou, wéi seng Chroniken op der Tëlee: zäitgeméiss, onheemlech witzeg, respektlos, realistesch, charmant, a vollgestoppt mat Allusiounen a Referenzen op Gesellschaft a Politik.

Déi méi wéi agreabel Comédie dréit sech zwou Stonne laang (a keng Minutt ze vill) ëm d'Bezéiung vun engem Schrëftsteller aus der héijer Bourgeoisie, deem seng Originnen him a senger éischter lénks-orientéierter Liewensastellung net esou gutt bekommen. Den Dag, wou hien als Individualist a Playboy dann de richtegen Deckel fir op d'Dëppe fënnt, ginn et fir hie 45 Joer laang Iwwerraschungen ouni Enn. Seng Kumpanin ass d'Doria Tillier, fréier frech a gewetzte Wiederhex op Canal Plus. Wéi hien eemol an enger Emissioun gesot huet, si wier just eng gutt Frëndin, huet si schlagfäerdeg geäntwert, si hätt net gewosst, dass een de "nëmme" Kollegen och géing e Blowjob maachen. Dat schonn emol zu där onkonventioneller Koppel am richtege Liewen.

Um grousse Schierm hu se sech elo d'Freed gemaach. D'Léift ass onbegrenzt, wat net heescht, dass et muss no "trautem Heim" ausgesinn. Leidenschaftlech Léift féiert net onbedéngt zu automatescher Harmonie am Bett, d'Kanner, déi een an d'Welt setzt, sinn net onbedéngt och kleng Genien, an Händchen halen ass och meeschtens net vu laanger Dauer. Déi Zwee suergen ofwiesselnd dofir, deen aneren ënner Elektresch ze setzen, an dat bis dass deen éischten an d'Grass bäisst. Matt vill Charme a Versteesdemech, awer trotzdem quiitscht et nëmmen esou vu bëssegem Witz. Mat dat bescht, wat a Saache "Comédien" zanter laangem aus franséische Studioe kënnt.

Et géing mech esouguer net wonneren, wann de Film géing bei onse franséische Noperen de gréisste Filmsuccès vum Joer ginn. Stierzt Iech drop, soubal en hei erauskënnt, der fillt Iech dono bal wéi neigebuer.

An der Kompetitioun war dann e Méindeg nach eemol de bulgareschen "Glory" ze gesinn vum Kristina Grozeva a Peter Valchanov, deenen hire virleschte Film "The lesson" virun 2 Joer ewell hei bei eis priméiert gouf. An ech muss soen, et géing mech net wonneren, wa se nach eemol géinge mat engem weidere Präis heemgoen. Hei si mer am Ufank bei engem Skandal op der Bunn, deen awer d'Haus-PR clever ënnerbannen wëll, andeems si déi ganz Opmierksamkeet op ee vun hire Mechaniker leet, dee grad op de Schinnen e Risesak Geldschäiner fonnt an erëmbruecht huet. Den Held gëtt da medie-méisseg gefeiert a kritt als Merci eng Auer geschenkt, déi ëm dann awer, esoubal en se unhuet, just Misär op Misär abréngt. Dat ganzt an chaplinesker Form, mat enger liicht ziddereger Kamera, awer a flottem Rhythmus montéiert.

"Glory" ass als Film präisverdächteg, ma och säin Haaptacteur, deem säin Dauergetuddels méi wéi realistesch eriwwerkënnt. Hie war mam Auteur um Enn vum Film am Sall, fir Froen ze beäntweren. An déi sinn och net ausbliwwen, wat déi aner flott Säit vun esou engem Festival ass. Nämlech de Wuertwiessel mat de Maacher. Hei si mer nämlech gewuer ginn, dass et de Cineasten net onbedéngt erëm ëm d'Korruptioun gaangen ass, oder ëm d'Manipulatioun déi et, wéi si soen, an hire Länner zanter éiweg gëtt, an einfach zum Landschaftsbild gehéieren.

Hinne goung et méi drëm eng Anekdot aus der Realitéit op hir Manéier e bëssche slapstick-méisseg ze verschaffen.

En Dënschdeg den Owend leeft an Avant-Première dann eng Tarantula-Coproduktioun. "A real Vermeer" (am Utopia um 19.00) kënnt haaptsächlech aus Holland an zeechent d'Liewen op vun engem net unerkannte Konscht-Genie, deen aus Batterkeet iergendwann eemol ufänkt, dem grousse Vermeer seng Tableauen ze fälschen an als Originaler ze verkafen. An dat esouguer u Nazi-Bonzen, wat dann awer guer net gutt ukënnt. Guer net gutt ukomm ass iwwerhaapt de ganze Film bei mir, dee just eng Usammlung vun ofgesuckelte Klischeeën aus der Konschtwelt ass, billerméisseg ze vill konformistesch gedréit gouf an un dem virun allem en Expressionismus pecht, dee bal mat Momenter u Stommfilmer erënnert an doduercher och relativ grotesk wierkt. Ze retten wier do bal nëmmen dem excellenten Filmmuséker André Dziezuk seng Kompositioun, ma och déi ass mat Momenter ongeschéckt agesat ginn. Tarantula hat mat dem flotten zäitkritesche "Noces" méi e glécklechen Treffer gelant.

Et seet ee sech dann och, dass et e Segen ass, déi Lëtzebuerger Filmer net an der Kompetitioun erëmzefannen, well kompetitiv war bis elo weder deen heiten nach "Die Nacht der tausend Stunden" (En Donneschdeg um 18.45 am Utopolis), dee mer e Méindeg beliicht hunn. Wéi et mat der Samsa-Coproduktioun "Es war einmal in Deutschland" vum Sam Garbarsky ass, soe mer iech dann am 7. Deel op dëser Plaz. Der Bady Mick hire "Mappamundi" ass e Mëttwoch um 20.45 am Utopolis programméiert. Si huet hiren eegenen Universum an zeechent hei d'Evolutioun vun der Mënschheet an dem Weltall queesch duerch d'Zäitgeschicht no.

Eenzegen anere neie Kompetitiounsfilm e Mëttwoch den Owend ass dem amerikaneschen Tim Sutton säin "Dark Night". Do geet et em déi verschidde Personnagen, déi sech an enger Masseschéisserei erëmfannen. Dat ganzt inspiréiert vum Masse- Muerd an engem amerikanesche Kino 2012 zu Aurora am Colorado. Dee kucken ech mer dann e Mëttwoch den Owend mat Iech un oder soen am Blog vun en Donneschdeg deene Bescheed déi eppes anescht, respektiv Besseres ze dinn haten.