Frankfurt 1946: Den David, ee jüdesche Geschäftsmann a seng Kollege sëtzen nom Krich an engem Deportatiounscamp.

AUDIO: Filmfestival: "Es war einmal in Däitschland"

Si hu just een Zil, sou séier wéi méiglech an Amerika kommen. Ma dofir brauch ee Suen. Dat ass den Ufank vum Film „Es war einmal in Deutschland“, deen um Donneschdeg am Kader vum Lëtzebuerger Filmfestival leeft.
Den neie Film vum Realisateur Sam Garbarski erzielt also eng Geschicht vu jüdesche Kollegen, déi als sougenannten „Teilacher“ bei d'Leit hauséiere ginn an mat vill Trickserei an Witz Bettwäsch, Handdicher an anere Krom un däitsch Hausfrae verkafen. Doduerch zeechent sech e Bild aus der fréier Nokrichszäit an enger Trümmerlandschaft an aus enger jüdescher Perspektiv. Mat vill Humor, bréngt den Realisateur Sam Garbarski Liewen an eng Zäit iwwer déi laang net geschwat gouf.

Grondlag fir de Film si biographesch gefierfte Romaner vum Michel Bergmann. Nieft vill Witz kommen am Film awer och ganz en passant grouss Froen op den Dësch: bleift een zum Beispill als Judd duerno am Land vun deene Leit, déi ee verfollegt hunn och wann et d'Heemecht war? Een Tabu-Thema.

Nieft dem Moritz Bleibtreu sinn och eng Partie Lëtzebuerger Acteuren am Film mat derbäi: Jeanne Werner, André Jung, Fabienne Hollwege an den Christian Kmiotek.

Dës Lëtzebuerger Co-Produktioun vu Samsa Productions kënnt frësch vun der Berlinale gouf duerno och direkt an iwwer 30 Länner verkaf dorënner och d'USA, Neiséiland an Australien.

D'Première vum Film ass den 5. Abrëll zu Lëtzebuerg. Um Donneschdeg leeft de Film wei gesot am Kader vum Filmfestival um 19 Auer am Utopolis.