Déi 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival goung e Sonndeg den Owend op en Enn.

Um Programm stoung nieft dem leschten Opus vum Terrence Malick, dem Film "Song to Song", och en Owend an der Abtei Neimënster am Numm vum Kampf fir d'Fraereschter am Iran. Do gouf den Documentaire "No Land's Song" vum Ayat Najafi gewise mat engem ofschléissende Concert ...

AUDIO: Filmfestival: No Land's Song - Reportage Annick Goerens

Zanter der Revolutioun 1979 ass et Fraen am Iran verbueden, an der Ëffentlechkeet ze sangen, ganz besonnesch solo a viru Männer. D'Sara Najafi, Schwëster vum Realisateur a jonk Komponistin, wëll dat änneren a versicht, e Concert zu Teheran z'organiséieren, wou Solistinnen optriede kënnen. Dobäi stéisst déi jonk Fra natierlech op immens vill Widderstand an den iraneschen Administratiounen an bei Deeler vun der Populatioun. De Realisateur Ayat Najafi, dee bei der Projektioun vum Film an der Abtei Neimënster derbäi war, huet vun de Schwieregkeeten erzielt ... Et hätt een eppes gemaach, wat géint d'Reegele verstéisst - d'Verbuet wier do an am Fong wéisst emol kee firwat ...

Den Ayat Najafi

Am Laf vum Film sammelt sech eng konterbont Trupp ëm déi jonk Komponistin, fir si an hire Projet z'ënnerstëtzen. Ob et de Protagonisten duerno geléngt, sech fir eng nei Fräiheet vun de Fraen am Iran duerchzesetzen an zu Teheran opzetrieden, sief hei net gesot. Ma den Documentaire weist d'Héichten, d'Déiften, d'Glécksmomenter an d'Réckschléi ... An och elo nach wär et e ganz laange Wee fir d'Fraen ... well d'Fraen dierften nach ëmmer net sangen!

Den Ajat Najafi lieft an Däitschland an ass zanter 2,5 Joer mat sengem Film ënnerwee. Den Documentaire "No Land's Song" gouf op iwwer 100 Filmfestivaler gewisen, krut iwwer 20 international Filmpräisser a gouf dëst Joer mëttlerweil och - well et eng iranesch-franséisch-däitsch Koproduktioun ass - fir den däitsche Filmpräis vir-nominéiert. An genee dat géing dem Ayat an dem Sara Najafi weisen, dass hire Message ukomm ass an dass et sech lount och elo nach weider ze kämpfen.

Fir den Documentaire "No Land's Song" ze gesinn, kann ee sech entweder einfach d'DVD bestellen oder et geet een op eng vun de sëlleche Projektiounen, déi nach organiséiert ginn. Fir méi Infoe kuckt op www.nolandssong.com.