De 15. Abrëll 2013 gouf um “Patriots Day” déi 117. Editioun vum “Boston Marathon” gelaf, mat ronn 23.000 Leefer. Kuerz virun 3 Auer mëttes, zu engem Moment wou nach ronn 5.600 Leefer op der Streck waren, si net wäit vun der Arrivée zwou Bommen explodéiert, déi zwee Terroristen a Kachdëppen (pressure cookers) gestach an a Rucksäck um Buedem bei de Spectateure verstoppt haten.  Bei der duebeler Explosioun hunn dräi Leit hiert Liewe verluer, 260 goufen zum Deel ganz schwéier blesséiert a 16 Leit hu mussen amputéiert ginn. Den Dag drop hunn déi tschetschenesch Bridder Dzokhar an Tamerlan Tsarnaev och nach e Polizist erschoss, a bei enger Schéisserei am Viruert Watertown, wou déi Zwee och Sprengstoff agesat hunn, goufe 16 Poliziste verletzt, vun deenen ee kuerz drop gestuerwen ass. Ee vun den Terroristen ass bei deem Asaz ëm d’Liewe komm, deen aneren huet sech an engem Boot verstoppt, dat an engem Hannerhaff stoung, a gouf no enger gigantescher Mënschejuegd, bei deier ganz Boston hermetesch ofgerigelt gouf, zu Watertown verhaft. Hie gouf zum Dout veruerteelt, ass awer bis haut nach net exekutéiert ginn…

De Regisseur Peter Berg, vun deem mer virun net allze laanger Zäit de (reellen) Katastrophefilm DEEPWATER HORIZON gesinn hunn, huet sech mat sengem « acteur fétiche » a Produzent Mark Wahlberg, deen iwwregens zu Boston gebuer ass, zesumme gedoen, fir dësen Hommage-Film iwwer dat perfid Attentat op de Boston Marathon ze dréien. Selbstverständlech ass de Film no de Reegele vum amerikanesche Mainstream-Kino opgebaut, mä et fält positiv op, dat d’Auteure vun dem Ganze versicht hunn, souvill Fakten an Informatiounen eranzebréngen, wéi méiglech, dat heescht d’Chronologie vun den Evenementer gouf respektéiert, d’Personnagë sinn zum groussen Deel reell an et gi vill Ablendunge vun Auerzäiten, fir alles ze situéieren. Et kéint ee PATRIOTS DAY duerchaus als Dokudrama bezeechnen, de Film erënnert (an dat ass positiv) un UNITED 93 vum Paul Greengrass, an deem et em dee Fliger goung, wou d’Passagéier sech den 11. September géint Terroriste gewiert hunn.

Et kéint ee jo mengen dat e Film, vun deem een am Fong geholl weess, wéi en ausgeet, net onbedéngt spannend ass, ma dem Peter Berg ass et gelongen, de Spectateur vun Ufank un an de Film anzebannen, andeems hien eng ganz Rei vu Personnage virstellt, vun deenen een net weess, wou ee se soll an der Story situéieren. Hie bréngt engem déi Leit méi no, ouni se z'iwwerzeechnen, wéi dat oft a sou genannten « Katastrophefilmer » de Fall ass. Iergendwéi kommen all déi Personnage dann am fatale Moment zesummen, a mir kennen se alleguer.

Bis op e puer wéineg Ausnahmen, wou den Actionkino an déi am Genre gängeg Dialogen ukléngen, ass de PATRIOTS DAY e ganz soberen an iwwerluechte Film, deen zwar duerchaus spektakulär ass, awer virun allem déi mënschlech Schicksaler an de Mëttelpunkt stëllt, ier dann - nom Attentat – och de massiven amerikanesche Sécherheetsapparat dokumentéiert gëtt, wou net onbedéngt jiddereen Hand an Hand mat deem anere schafft. Hei gëtt de Film quasi dokumentaresch, well een en Abléck dora kritt, wéi FBI, CIA, NSA an d’Lokalpolizei zum Deel kooperéieren, awer sech och heiansdo géigesäiteg behënneren.

Obwuel de Film PATRIOTS DAY heescht, hält sech dat Patriotescht a Grenzen, eréischt zum Schluss, wann déi reell Affer vum Attentat zu Wuert kommen, gëtt et eng Grimmel pathetesch, ma och dat kann ee verstoen als Versuch den Trauma vun deem perfiden Attentat opzeschaffen. Alles an allem ass PATRIOTS DAY also amerikanesche Mainstream-Kino, dee sech seriö hëlt an awer ënnerhalend ass.

Jemp Thilges