Nächsten Dënschdeg wëlle méi wéi 180 Kinoen an den USA aus Protest géint d'Regierung vum US-President Donald Trump de Film "1984" weisen.

Dee Film, deen also um Roman vum George Orwell aus dem Joer 1949 baséiert. Dem Auteur seng Duerstellung vun enger Regierung déi hir eege Fakte fabrizéiert, totale Gehorsam fuerdert an auslännesch Feinden esou dämoniséiert wéi ni, wier sou aktuell wéi nach ni, schreiwen d'Organisateuren. D'Aktioun gouf vun den Organisteure vum Capital City Filmfestival zu Lansing am Michigan lancéiert.