Le Tango des Rashevski (2003), Irina Palm (2007), Quartier Lontain (2010) a Vijay and I (2013) sinn alles Filmer vum däitsch-belsche Regisseur Sam Garbarski, Filmer déi alleguer eppes gemeinsam hunn, wat och de Sam Garbarski selwer am Gespréich ënnersträicht : “All déi Filmer sinn als Koproduktioun mat Lëtzebuerg entstanen, an ouni d’Kontributioun vum Lëtzebuerger Filmfong a vu Samsa Film géif et kee vun deene fënnef Filmer ginn!”. Sou eppes héiert een ëmmer méi dacks, Lëtzebuerg hëlleft souguer datt ganz grouss international unerkannte Cineasten - wéi zum Beispill den Terence Davies mat Sunset Song - oder quasi genial Animatiounsfilmer wéi de Pinocchio (vum Enzo d’Aló), Ernest & Celestine oder - viru kuerzem -  Ethel & Ernest iwwerhaapt entstoe kënnen. Dat ass op der enger Säit eng absolut Schan fir den internationale Kino (souguer e Scorsese, e Spielberg oder e Woody Allen hu momentan Problemer, fir hir Filmer ze finanzéieren), op der anerer Säit awer eng Chance fir Lëtzebuerg, wou eis Techniker a Produzenten d’Geleeënheet kréien, mat ganz groussen Nimm an Talenter zesummen ze schaffen. Souguer international unerkannte Schauspiller wéi d’Isabelle Huppert zum Beispill, consideréiere mëttlerweil eist Land als eng Aart zweet Heemecht.

Och dem Sam Garbarski säi fuschneie Film, Es war einmal in Deutschland/Bye Bye Germany, deen am Februar bei der Berlinale Weltpremière gefeiert huet, géif et net ginn, wa Lëtzebuerg an d’Samsa Film net existéiere géifen. En ass als Lëtzebuergesch, Belsch an Däitsch Koproduktioun entstanen, woubäi och gesot muss ginn, dat déi däitsch Koproduktiounsfirma zu Berlin e Satellit vu Samsa ass. Es war einmal in Deutschland ass iwwregens deen zweete Film vum Sam Garbarski, deen op der Berlinale gewise gouf, vläicht erënnert Dir Iech nach un den Irina Palm (mam Marianne Faithfull), deen 2007 zu Berlin eng reegelrecht Euphorie ausgeléist huet an d’Welt zum Laache bruecht huet.

Es war einmal in Deutschland spillt 1946 bei eisen däitschen Noperen, also kuerz nom Krich. De jiddesche Kaufmann David Bermann (gespillt vum Moritz Bleibtreu) huet, genee wéi seng 5 Frënn den zweete Weltkrich an den Holocaust iwwerlieft. Och si wëllen eigentlech net an Däitschland bleiwen, mä fir kennen a Palestina oder Amerika auszereesen, brauchen se Suen. Den David Bermann a seng Famill hate virum Krich a virun der Reichskristallnacht e grousst Geschäft fir Bettwäsch zu Frankfurt am Main, dat si natierlech wéinst der Juddeverfolgung verluer hunn. Den David seet sech dat – elo nom Krich – wou vill Däitscher alles verluer hunn – Bettwäsch an Handdicher eppes ass, wat all Stot brauch. Dofir tingelen hien a seng Frënn zu Frankfurt vun Haus zu Haus fir Léngent ze verkafen – net ëmmer mat ganz koschere Methode versichen se, hir Wuer un de Mann oder éischter un d’Fra ze bréngen, wat och ganz gutt klappt. Mä hiren Erfolleg bréngt och d’Amerikaner op de Plang, déi géint der Bermann a seng Frënn eng Enquête maachen. Firwat huet deen zwee Päss? Firwat gouf deen am Konzentratiounslager privilegiéiert behandelt? Firwat war hien – als Judd – um Obersalzberg am Führerhauptquartier? Dem David Bermann säi Projet fir auszewandere steet deemno ënnert engem schlechte Stär…

D’jiddesch Kultur, de jiddeschen Humor an den Holocaust maache selbstverständlech e groussen Deel vum Räichtum vun dëser Geschicht aus, déi no der “Teilacher-Trilogie” vum Michel Bergmann entstanen ass – de Bergmann an de Garbarski hunn zesummen um Dréibuch geschriwwen. Wéi sou oft leien och hei Trauer an Humor ganz enk beieneen – an iwwert deem Ganze schwieft eng grouss Fro, déi de Film och net wierklech beäntwere kann oder wëll: Firwat sinn nom Krich an no all deem Leed an där Brutalitéit, déi Nazi-Däitschland de Judden ugedoen hunn, ronn 4.000 Judden trotzdem decidéiert hunn, an Däitschland ze bleiwen a versicht hunn sech an engem ëmmer nach feindlechen Ëmfeld eng nei Existenz opzebauen.

Et ass also – nieft enger spannender an oft witzeger Geschicht – och humanistesch Froen, déi bei dëser séiss-sauerer an onopgereegter Komedie matspille – de Moritz Bleibtreu ass vläicht eng Grimmel ze selbstbewosst an der Haaptroll, mä hie gëtt clever a realistesch encadréiert vun enger ganzer Rei manner bekannte Schauspiller, déi dat Ganz nawell gleefhaft maachen. Vu Lëtzebuerger Säit erkennt ee bei de Schauspiller d’Fabienne Hollwege a virun allem de Christian Kmiotek als Lagerkommandant, deem de Sam Garbarski dës Roll reegelrecht op de Bauch geschriwwen huet.

Es war einmal in Deutschland ass deemno eng weider Visitëkaart fir Films made in Luxembourg. De Film kënnt dëser Deeg och an Däitschland an d’Kinoen, wou e vun X-Filme a Warner Bros. distribuéiert gëtt.

Jemp Thilges