Based on a true story…oder op Lëtzebuergesch…dës Geschicht ass richteg geschitt. Spéitstens zënter der Fälschung vum Adolf Hitler sengen Tagebicher duerch de Konrad Kujau, wësse mer jo, datt ee mat sou Fisematenten nawell vill Mënz verdénge kann. Mer wëssen awer och, datt sou Saache meeschtens iergendwann opfléien an datt Fälscher duerno och d’Pan klake mussen. Wa sou Saachen un d’Ëffentlechkeet geroden, da laachen déi, déi net geschiedegt goufen iwwer d’Guttgleewegkeet vun deenen (wéi zum Beispill de “Stern” an Däitschland) déi gelackmeiert goufen, déi hirersäits awer net laachen, ebe well se op d’Äis gelackelt goufen. An d’Justiz laacht duerno och net…

New York, an de fréien nonzeger Joren: D’Schrëftstellerin Lee Israel, genial gespillt vum Melissa McCarthy, ass an engem déiwe Lach. Si huet an der Zäit mat Biografien e puer Mënz verdéngt, mä dee Genre Bicher ass net méi gefrot… a se muss sech eng nei afale loossen. Mä a “writer’s block” ass näischt Schéines, den Alkohol, deen se onmoosseg verdréckt, hëlleft och net…a well déi gutt Fra e sauméissege Charakter huet a sech mat jidderengem uleet, wëll souguer hir Agentin näischt méi mat hir ze dinn hunn.

Bei Recherchen iwwer déi amerikanesch Entertainerin Fanny Brice, stéisst d’Lee Israel op en handgeschriwwene Bréif vun der Artistin a fënnt eraus, datt Sammler nawell bereet sinn, onheemlech vill Sue fir sou Originaler ze bezuelen. Fir hir Kees opzefëllen, fänkt d’Lee un, Bréiwer vu ganz bekannte Leit ze fälschen, andeems se hir eege literaresch Qualitéite mat deene vu berühmten Auteure vermëscht. Am Laf vun der Zäit kommen esou ronn 400 absolut Unikater op de Maart, vun deenen hir Auteure keng Anung haten, a se verkafen sech wéi waarm Bréidercher, well d’Lee mat hirem homosexuelle Frënd Jack Hock (Richard E.Grant) ee clevere Borscht fonnt huet, dee souguer engem Inuit ouni Stroum e Frigo undréie kann. Mä iergendwann flitt dat Ganzt op an den FBI steet virun der Dier…

De Steven Spierlberg hat mat “Catch me if you can” e flotte Film iwwer en Héichstapler gedréint, deen d’Leit och drop an derwidder ugeschass huet. CAN YOU EVER FORGIVE ME?, deen d'Marielle Heller geschriwwen an inzenéiert huet, ass sécher net sou turbulent wéi dem Spielberg säi Film, schonn eleng well schreiwen net sou spektakulär ass, wéi wann den Di Caprio sech als Fluchkapitän ausgëtt.

D’Regisseurin huet mam Melissa McCarthy an Richard E. Grant zwee Acteuren zur Verfügung, déi hei d’Rolle vun hirem Liewe spillen an och fir Oscaren nominéiert goufen. Ouni déi zwee, déi ech um Ecran ergänzen a sech géigesäiteg un d’Mauer spillen, géif de Film sécher net funktionéieren: déi ëmmer granzeg a meeschtens besoffe Schrëftstellerin an den oft bekifften an heiansdo eefällege Kolleg, dee seng Partner méi séier wiesselt wéi seng Kalzongen (an dofir och d’gesondheetlech Rechnung presentéiert kritt), gehéiere sécher zu de beschte Schauspillerleeschtungen zënter laangem. Hiert Spill kompenséiert dann och fir déi puer Längten, déi de Film am Mëtteldeel huet, wou ee mierkt, datt d’Marielle Heller besser schreiwe kann (hiert Dréibuch, dat se nom Buch vum Lee Israel adaptéiert huet, gouf och fir en Oscar nominéiert) wéi Regie ze féieren.

Ënnert dem Stréch ass CANYOU EVER FORGIVE ME? en typesche Schauspillerfilm, dee nee genéisse kann a soll, deen awer filmesch weider net vill ëmrappt.

Jemp Thilges