Dir kënnt Iech sécher nach un d’Oscare vu virun zwee Joer erënneren, wéi de Warren Beatty live viru Millioune Leit an der ganzer Welt ugekënnegt huet, de “La La Land” hätt de Präis vum beschte Film vum Joer krut…An op eemol der Däiwel zu Los Angeles lass war. Se haten dem Beatty nämlech eng falsch Enveloppe ginn, well de richtege Gewënner war “Moonlighting” vum Barry Jenkins. Zwee Joer no deem Public-Relations-Fiasko bei den Oscare koum dann elo dem Barry Jenkins säin neie Film IF BEALE STREET COULD TALK an d’Kinoen. Ech hat d’Chance, e bei senger Welturopféierung zu Toronto ze gesinn.

De Film ass entstanen no engem Roman vum amerikanesche Schrëftsteller a schwaarze Biergerrechtler James Baldwin, deem seng Schrëften och 2017 d’Basis geliwwert hunn, fir dem Raoul Peck säi kruppenhaarden Dokumentarfilm I AM NOT YOUR NEGRO, deen, wann ech mech richteg erënneren, och bei eis um LuxFilmFest gewise gouf. De James Baldwin huet sech säi liewe Laang fir d’Rechter vun den Afroamerikaner an den USA agesat a war, wéi kéint et anescht sinn, och oft d’Zil vu rassisteschen Attacken. Datt sech an Amerika net vill geännert huet, wësse mer alleguer, an ënnert dem selwer rassistesche President Trump ass d’Situatioun nach méi schlëmm ginn. Trotzdeem, oder grad dowéinst, ginn et ëmmer méi Filmer vun afroamerikanesche Regisseuren, déi sech mat der Thematik ausenanersetzen a “schwaarz” Geschichten erzielen, mat afroamerikaneschen Acteuren, déi Gottseidank net méi esou agesat ginn, wéi dat an der Zäit mat Schauspiller wéi Hattie McDaniel, Stepin Fetchit, Lena Horne, Dorothy Dandridge, Woody Strode oder, op d'mannst am Ufank vu senger Carrière mam Sidney Poitier gemaach gouf. Och den Actionfilm BLACK PANTHER geet an d’Richtung vum selwechte Phenomen, nämlech dat d’Afroamerikaner endlech d’Mëttel fannen, fir hir Geschichten z'erzielen an hir Rechter och am Kino anzekloen.

D’Geschicht vun IF BEALE STREET COULD TALK spillt zu New York, am Harlem Véierel, an den 1970er Joren. Tish, 19 Joer al (Kiki Layne) an de Fonny, 22 Joer (Stephan James), kenne sech scho vun hirer Kandheet un, se si scho méi laang eng Koppel a wëlle sech och deemnächst bestueden. Enges Daags gëtt de Fonny zu Onrecht beschëllegt, eng Fra aus Puerto Rico vergewaltegt ze hunn. Bei enger Géintiwwerstellung pléckt d’Fra de Fonny aus engem Line Up eraus, nodeems se vun engem rassistesche Polizist ugestiwwelt gouf. De Fonny muss also onschëlleg an de Prisong. Bei hirem éischte Besuch erzielt Tish hirem Frënd, mat deem se just “hanner Glas” dierf schwätzen, dass si e Kand erwaart. Tish versprécht dem Fonny awer och, datt si zesumme mat Affekote kämpfe wëll, fir seng Onschold ze beweisen, an der Hoffnung, datt e fräi kënnt, ier d’Kand op d’Welt kënnt.

Um Pabeier kléngt dat Ganz vläicht eng Grimmel melodramatesch, mä ech kann Iech garantéieren, datt de Barry Jenkins vill ze intelligent ass, fir hei eng Schnulz à la Rosamunde Pilcher op d’Leit lasszeloosse, au contraire. A säi Film, dee formell immens schéin ass (am Kontrast zur däischterer Geschicht, déi en erzielt) fléissen all déi Themen an, mat deenen d’Afroamerikaner, zënter datt se als Sklaven ageschleeft goufen, Dag fir Dag konfrontéiert sinn. Plastesch erënnert de Film deemno, an dat ass e Kompliment, un d’Aarbechte vun Douglas Sirk oder John Stahl, mä inhaltlech sinn dem James Baldwin seng Prosa, seng Iddien a seng Iwwerzeegungen omnipresent, well de Barry Jenkin schwëmmt genee op der selwechter Wellelängt.

Et geet also weider mat den exzellente Filmer fir 2019. Et bleift just ze hoffen, datt et och esou weidergeet. A wann ech mer de Programm vum 9. LuxFilmFest ukucken, da maachen ech mer op d'mannst fir de Mäerz net ze vill Suergen.

Jemp Thilges