Wärend den Dréiaarbechte vun THE OLD MAN AND THE GUN huet de Robert Redford ugekënnegt, datt dëst säi leschte Film als Schauspiller sollt sinn. Wéi et schéngt, huet de gudde Mann mëttlerweil seng Meenung nees geännert, am Sënn vun « never say never », genee wéi de Clint Eastwood et jo och schonn emol gemaach huet, ier en am THE MULE awer nees virun d’Kamera getrëppelt ass. Firwat och net, ëmmerhi bleift ee jonk wann een och am héijen Alter nach weist, wat ee kann. Ech muss jo wësse vu wat ech schwätzen.

THE OLD MAN AND THE GUN ass genee dat, wat den Titel ukënnegt. Um Plakat steet dann och e Slogan deen iwwersat ongeféier esou kléngt: Bal alles an dësem Film ass richteg geschitt.  De Forrest Tucker, deen am Mëttelpunkt vum Film steet, ass et tatsächlech ginn. Hie war dat, wat een op englesch en « gentleman bankrobber » an en « escape artist » nennt. Bei senge Bankiwwerfäll huet en ëmmer ganz spezielle Wäert drop geluecht, frëndlech ze bleiwen, kengem wéi ze doen well – och wann en e Klabes derbäi hat fir d’Leit anzeschüchteren -  huet en seng Pistoul ni benotzt. Gefaange vun de Flicke gouf en och méi wéi eemol, mä et ass him gelongen, sech ganzer 16 mol aus dem Bing ewech ze maachen. Am Film huet e mëttlerweil e Mathusalemsalter erreecht, mä e kann et einfach net loossen – mat senge Komplizen (Danny Glover, Tom Waits) ass en nach ëmmer op der Rull, fir hei an do mat ganz vill Charme e puer Banken ëm e puer dausend Dollar méi aarm ze maachen. Och wéi en déi ganz léif Jewel (Sissy Spacek) kenneléiert, hellt dat Spillchen net op – hie seet senger neier Frëndin och ganz oppe wat en sou dreift, mä hatt gleeft him dat net. Bei de Flicke gesäit den John Hunt (Casey Affleck) dat awer ganz anescht an hie mécht sech et zur Liewensaufgab, dem Forrest Tucker nach eng Kéier d’Handwierk ze leeën. An der Press gëtt dem Tucker seng Band iwwregens « The Over the Hill Gang » genannt…dat muss ee jo wuel kaum iwwersetzen…

THE OLD MAN AND THE GUN ass e weidere Film, deen um Festival vun Toronto gelaf ass. Wann den Numm vum Regisseur, David Lowery, Iech näischt seet, da sief gesot datt hie virun e puer Joer fir Disney den exzellente Remake vu PETE’S DRAGON gedréit huet. Mam Robert Redford, deen de Film och koproduzéiert huet an dee sech vläicht selwer e Monument wollt setzen (wéi de Clint an THE MULE), huet de Lowery natierlech genee dee Richtege fonnt, fir d’Roll vum Tucker ze spillen. Ëmmerhin huet de Redford jo am Ufank vu senger Carrière, mat Filmer wéi BUTCH CASSIDY AND THE SUNDANCE KID oder THE STING (all Kéier mam Paul Newman als Partner), eng gewëssen Erfahrung mat klengen a méi grousse Gauner. Et mierkt een him och of, datt e vill Spaass mat senger Roll hat, déi e wierklech ganz « cool » spillt, mat engem Fénkelen an den Aen.

Et ass scho flott, datt sou e Film iwwerhaapt nach an Amerika gedréit gëtt, well anscheinend jo just nach déi ganz Jonk an de Kino ginn…déi sech sécher net fir esou e « Bopefilm » interesséieren. Um Facebook huet dës Woch och een hei zu Lëtzebuerg geschriwwen, e wier am Kino an d’Geriatrie gaangen. Not funny!

Ech kann Iech op jidder Fall de Film recommandéieren, wëll e sech dach ganz agreabel vum éiwege Geballers, Gerabbels an oft idioteschem Getuddels vum sougenannten amerikanesche Mainstreamkino ofhieft a mënschlech Qualitéiten huet, déi ee bei deene sëlleche Roboter-, Grujel- a Superheldefilmer éischter seele fënnt.  A wann ee schonn d’Geleeënheet huet, Leit wéi de Robert Redford, Sissy Spacek, Danny Glover an Tom Waits nach eng Kéier um groussen Ecran ze gesinn, da sollt ee wierklech net drop späizen. Well al gi mer iergendwéi dach alleguer, déi eng méi fréi an déi aner, wéi mer an dësem Film gesinn, eng Grimmel méi spéit.

Jemp Thilges