Et ass traureg awer wouer: Et ginn ëmmer méi Kanner, Jugendlecher a souguer eeler Leit, déi net méi wësse wien de Stan Laurel an den Oliver Hardy waren, déi ni e Film mam “Décken a mam Dënne” gesinn hunn, an déi souwisou allem wat schwaarzwäiss ass, déi kal Schëller weisen. Ech sinn natierlech eng Grëtz manner jonk a ka mech nach ganz gutt erënneren, dat RTL-Télé (déi franséischsproocheg) an den 1960er Joren quasi all Dag Kuerzfilmer mat deenen zwee Borschte gewisen huet – an enger franséischer Synchronisatioun, déi u sech och scho witzeg war.

Fir eis waren de Stan an den Ollie reegelrecht Kultfiguren an et ass eng Schan, datt dee bekanntste Komikerduo aus der Filmgeschicht vun der moderner Zäit quasi verschléckt ginn ass. Ech fir mäin Deel hu se sécher net vergiess, well ech hat d’Chance virun e puer Joer en DVD-Coffret (21 DVD, 68 Stonne Material) ze fannen, an deem quasi all hier Kuerzfilmer dran ze fanne si – nieft enger Hellewull Archivmaterial. Fir e richtege Cinephile, dee seng Klassiker kennt, sinn de Laurel an de den Hardy ganz einfach Kult.

De Film STAN & OLLIE vum John Baird ass keng typesch Filmbiographie, wéi et se a leschter Zäit ëmmer méi heefeg am Kino gëtt. Hei gëtt un a fir sech d’Geschicht vum Enn vun hirer Carrière erzielt, zu engem Moment, wou dee gréissten an erfollegräichste Komikerduo vun Hollywood net méi sou gefrot war (dee Moment koumen Abbot & Costello oder Lewis & Martin op). De Stan an den Oliver sinn deemools duerch England vun engem Theater zum anere getingelt, fir live op der Bühn opzetrieden an d’Zäit doutzeschloen, bis dem Laurel säi leschte Filmprojet, eng L&H- Versioun vum “Robin  Hood” gedréit gëtt. Am Ufank huet d’Tournée iwwerhaapt keen Erfolleg, d’Theatere si schlecht besicht an de Promoteur ass drop an drun, fir d’Noutbrems ze zéien. Mä no e puer Publicity-Optrëtter geet et op eemol biergop. Mä mam Oliver Hardy senger Gesondheet gesäit et allerdéngs net gutt aus an tëschent deenen zwee Komiker gëtt et ëmmer méi oft Sträit. An de Produzent fir de Robin Hood Film hieft den Telefon net op…

Et sief vu vir era gesot, datt de Film STAN & OLLIE e ganzt grousst Stéck Nostalgie-Kino ass. Net onbedéngt e grousse Film, mä e Film deen un ee geet, wann ee Kino aus der klassescher Hollywood-Epoch gär huet an déi grouss Nimm vun deemools vermësst. Et ginn natierlech (virun allem am arrogante Frankräich) déi higinn a soen, de Film wier eppes wéi eng Ausstellung bei der Madame Tussaud, déi zwee Acteure géifen ënner hirem Make-Up erstécken an de Jon Baird wier beschtefalls e Läichefledderer. An ech soen: MUMPITZ! D’Schauspiller John C. Reilly (hie spillt den Décken) a Steve Coogan (den Dënnen) spillen sech d’Séil aus dem Leif, fir d’Komiker nees zum Liewen ze erwächen an en Episod aus hirem Liewen erzielen, dee manner bekannt ass. Natierlech sinn déi zwee maquilléiert, an dat seet ee sech och um Ufank vum Film. Mä d’Spill vu Reilly & Coogan ass sou subtil, datt ee ganz séier vergësst, datt hei zwee Acteuren zwee aner Acteure spillen, déi an der Zäit reegelrecht Ikone weltwäit waren. Wann een et natierlech net fäerdeg bréngt, iwwer de Make-Up ewech ze kucken, kann een de Film net genéissen an et sollt ee léiwer eppes Aneschtes kucke goen. Et lafe jo genuch aner Filmer am Kino.

Ech hunn déi knapp 90 Minutten op jidder Fall genoss an hu mech souguer gefrot, firwat de LuxFilmFest dëse Film net fir seng “Opening Night” geholl huet – dat hätt dem Festival mat all deene modernen a politesch engagéierte Filmer e nostalgesche Konterpunkt ginn, deen eng Bréck tëscht der d’Vergaangenheet an der Aktualitéit vum Kino geschloen hätt. Anstatt eis Filmer déi kee Mënsch zum Laache bréngen als Komedien ze verkafen, kéint ee beim Fest och mol eng Kéier an déi grouss Epoch vum klassesche Kino ze luussen. STAN & OLLIE huet mech laache gedoen, mä awer och immens traureg gemaach. An dogéint hëlleft da just e Grëff an de Coffret mat Laurel & Hardy Filmer…

Jemp Thilges