Och den zweete Film vum amerikanesche Schauspiller a Regisseur - no "Get out" - ass en Horrorfilm.

Et gëtt Filmer, wou ee sech – wann d’Luuchten am Kino nees uginn – nach Deeg, Méint oder souguer jorelaang de Kapp kraazt a sech freet, wat de Regisseur eis da matdeele wollt. “2001, a Space Odyssey” oder “The Shining” vum Stanley Kubrick, zum Beispill, oder méi rezent dem Alfonso Cuaron säin absolut geniale “Roma”, deen zënter dem leschte September a mengem Kapp dorëmmer geeschtert an dee seng Geheimnisser nach ëmmer net all verroden huet, obwuel ech de Film mëttlerweil dräimol gesinn hunn. “The Shining” war den éischte Film, dee mer an de Kapp koum, wéi ech dem amerikaneschen Acteur a Regisseur Jordan Peele säin zweete Film gesinn hunn, deen “Us” heescht an iwwer deen ech mer säit dem leschte Mëttwoch de Kapp zermarteren, wat ech dann elo gesinn hunn.

Den Horrorkino, a ganz besonnesch den amerikaneschen Horrorfilm, huet sech an de leschte Jore sou zeréckentwéckelt, datt ech mer déi meescht vun deene bluddegen Träipegeschichten iwwerhaapt net méi ukucke ginn, well d’Liewen einfach ze kuerz ass, fir et mat deem bëllege Schrott am Däischteren ze verbëtzen. Mä zënter “Get Out” (dem Jordan Peele sengem éischte Film vun 2017) ass och bei mir d’Hoffnung opkomm, datt et an den USA nees Cineaste ginn, déi eppes Neies mam Horror-Genre ufänke kennen.  De “Get Out” war net nëmmen en effikassen Horrorfilm, bei deem engem als Spectateur Dronkenellen ausgoungen, mä en hat och en héichpoliteschen an anti-rassistesche Subkontext, deen dem Regisseur weltwäit gutt Kritiken an en déckt Boxoffice-Resultat abruecht huet. An ob der et gleeft oder net, d’Emergenz vun engem Mann, wéi dem Jordan Peele, hu mer zum Deel och dem Donald Trump ze verdanken, deem seng Connerien a säin net verstoppte Rassismus verschidde Regisseuren undreift, besser a virun allem méi déifgrënneg Genre-Filmer ze dréien.

Natierlech huet all Fan vu “Get Out” a vum Jordan Peele ongedëlleg op säin zweete Film gewaart, deen elo ënnert dem Titel “Us” ugelaf ass. De Film heescht “Us”, mä no menger éischter a sécher net leschter Visioun kéint een en och “US” nennen, well de Peele huet esou vill Allegorien iwwert d’Amerika vun haut a sengem Grujelstéck agebaut, dat engem scho wärend dem Film de Kapp ze dämpen ufänkt. “Us” ass déi Zort Film, déi een an engem besonnesch däischtere Kino sollt kucken…a wann net vill Leit an der Seance sinn, kann ech Iech garantéieren, datt der méi wéi eng Kéier hannerun Iech kuckt, op do keen Iech un d’Guergel wëll. Et ass e Film, iwwer deen een am beschte guer näischt wësse soll, ier ee sech et a senger Kinosfotell gemittlech mécht. Just esou vill, fir d’Geschicht ze situéieren: Eng schwaarz Famill mécht Vakanz op enger Plaz, wou der Mamm viru laange Jore wärend 15 Minutten eppes geschitt war, dat hiert Liewe verännert huet. An elo…

Den Jordan Peele ass vill ze intelligent, fir just puren Horror ze maachen, wou ee just zwee oder dräi Mol gutt erschreckt gëtt oder am Blutt an den Träipen ersäift. Hei ass alles vill méi subtil, de Cineast baut eng Atmosphär op, déi vu Minutt zu Minutt méi erdréckend gëtt, well een en plus d’Gefill huet, et géif ee mat de Protagonisten an dee selwechte Spigel kuckt wéi si. Ech géif souguer behaapten, datt en Ingmar Bergman, wann en dann Horrorfilmer gedréit hätt, sécherlech houfreg op eppes wéi “Us” gewiescht wier. Well déi primär Horrorgeschicht, déi ëmmer méi komplizéiert a konfus ze gi schéngt, spigelt déi Konfusioun erëm, an där e gesplécktent Amerika (a vläicht souguer déi ganz Welt) sech momentan befannen.

De fiktiven Horror vun der Story ass eng Saach, de reellen Horror, dee sech derhannert verstoppt, ass eppes ganz Aneschtes. An et sollt een sech als Kinosgänger vu vir era bewosst sinn, datt een hei weder mat engem 08/15 Slasher- oder Zombiesfilm konfrontéiert gëtt, mä mat engem Autorefilm, deen net nëmmen un der Uewerfläch kraazt, mä ganz déif a Wonne wulle geet, un där Amerika an d’Welt momentan futti ginn. “Us” ass e Film, dee sech am Gehir festkrallt an een net méi lassléisst.