Un a fir sech, kéint ech dem Tim Burton säi Remake vum Walt Disney sengem DUMBO vun 1941 mat engem Saz ofseeën: Dësen DUMBO ass absolut iwwerflësseg. Mat deene 5 Wierder wier un a fir sech alles gesot, wat gesot misst ginn, wann...jo wann…deen neie Film mer net awer gefall hätt. Ech sinn eben och e Fan vum Tim Burton, an dëse Film ass op jidder Fall méi Burton wéi Disney, wat wahrscheinlech jo och den Zweck vun der Übung war. Et muss een nämlech och als Produzent wëssen datt – wann een engem Tim Burton e Mäerche fir ze verfilme gëtt – datt hannen eppes dach méi Däischteres erauskënnt wéi dat, wat ee vir eragestach huet. An däischter ass den neie Film op jidder Fall. Vill méi däischter wéi traureg iwwregens, obwuel och hei – ëmmerhin ass et awer nach en Disney, an ech verroden näischt – et dach gutt ausgeet.

Zum DUMBO Zeechentrickfilm vun 1941 sief gesot, datt et mat gréisster Wahrscheinlechkeet deen éischte Walt Disney Film war, deen ech am Kino gesinn hunn. Well de Film an Amerika matten am Zweete Weltkrich erauskoum, gouf en an Europa eréischt nom Krich an de Kinoen an Europa gewisen, wou ech en dann an de spéide 50er Jore gesinn hunn. Ech sinn e ganz grousse Fan vum Walt Disney sengen Zeechentrickfilmer, mä den DUMBO ass a bleift bis haut mäin absolute Favorit. Mat senge knappe 64 Minutte Lafzäit ass den Original och ee vun de kierzten Disney-Spillfilmer iwwerhaapt an dofir ass et schonn eng Ieselzegkeet, datt de Remake vun 2019 op ganzer 112 Minutten opgemotzt gouf, well e groussen an däischteren Nokrichsdrama aus deem klenge charmanten an trauregen Trickfilm gemaach huet musse ginn. Am Original gëtt den Dumbo vum Storch geliwwert, jidderee mécht de Geck mat deem aarme flappsegen Déierchen, bis et beweist, datt e fléie kann an doduerch zu enger ganz grousser Vedette an der Zirkuswelt gëtt. Schluss, aus die Maus…oder éischter den Elefant.

2019 muss natierlech alles ganz breet ausgewalzt ginn. Also muss et och wa méiglech e männlechen Held ginn. Datt ass hei den Holt Farrier (Colin Farrell), dee virum Krich e richtege Star vum Zirkus war. Leider huet hien am Krich en Aarm verluer a kann elo net méi reiden. Seng Fra ass och am Krich gestuerwen an esou muss hie sech elo ganz eleng ëm seng zwee Kanner këmmeren. An d’Kanner sinn net dann och, déi als éischt entdecken, datt de flappsegen Dumbo, dee vu jidderengem verstouss gëtt, e ganz grousse Sensatiounspotential huet, well e fléie kann, wann e mat sengem Rüssel eng Plomm verschléckt. E groussen a geldhongerege Manager (Michael Keaton) kritt dat alles mat a versicht sech, den Dumbo ënnert de Nol ze räissen, fir deen drolege Pachyderm an engem risege Fräizäitpark quasi bis op d’Blutt auszenotzen…

Dir gesitt, dem Tim Burton seng Handschrëft ass onverkennbar beim neien DUMBO. Et muss een als Fan vum Original also eng Kéier ferm schlécken, wann e gesäit wéi opgebauscht dat Ganzt gouf a wéi wéineg eigentlech vum traurege Charme vun deemools iwwreg bliwwen ass. Op der anerer Säit kann ech allerdéngs net behaapten, de Film hätt mer net gefall. Dem Tum Burton seng opulent Biller eleng si schonn derwäert, fir mat de Kanner an de Kino ze goen. Well hei kommen och déi Grouss op hir Käschten, mat enger Geschicht, déi zwar previsibel ass, awer eben duerch dem Burton seng Mise en scène an duerch déi brillant Trucagen säi Publikum ganz gutt ënnerhält. An d’Eva Green um Réck vum Dumbo duerch d’Loft fléien ze gesinn ass och eppes fir d’Männer vun der Schëpfung. An Disney wier net Disney, wann dat Ganzt net och nach extrem politesch korrekt wier, well jo haut Zirkusse mat liewegen Déieren absolut tabu sinn. An d'Haus mat der Maus geet sech do och bei dësem Elefant keng sichen.

Bei Disney schéngt et nämlech mëttlerweil Leit ze ginn, déi der Meenung sinn, datt d’Kanner haut net méi mat de klasseschen Zeechentrickfilmer vun deemools ze begeeschtere sinn. An dofir ginn elo déi ganz Klassiker mat CGI-Tricken, ganz vill Suen a bekannte Schauspiller nei opgemotzt. Nom MARY POPPINS RETURNS, dësem neien DUMBO an deemnächst och Remake vum ALADDIN a vum THE LION KING geet den Trend monter weider. A firwat och net, kann ee soen, well d’Leit, déi nei Filmer massiv an de Kino kucke ginn, obwuel d’Kritiker sech ëmmer méi dacks de Batti stellen. Ech fir mäin Deel hu mech mat mengem Schicksal offonnt a ginn och d’Remakë mat grousser Virfreed kucken…well, an do sinn ech vläicht privilegiéiert, ech sämtlech Zeechentrickklassiker vum Walt Disney bei mir doheem als DVD oder BluRay a beschter Qualitéit am Schaf stoen hunn.

Jemp Thilges