Den däitsche Kino huet an de leschte Jore jo net onbedéngt masseweis Meeschterwierker ervirbruecht, mä bal all Kéier, wann ee vun de ganz grousse Blockbusteren (oder och “Ballbusteren) et iwwerhaapt bei eis an de Kino gepackt huet, dann hat den tunesesch-éisträicheschen Schauspiller Elyas M’Barek seng Fangere mat am Spill.

Wat awer elo keng Referenz ass, well “Fack Ju Göhte” 1, 2 an 3 zwar immens vill Goss an d’Keese vun der Constantin Film eragespillt hunn, den intellektuelle Gehalt vun den 3 Filmer awer wahrscheinlech op der Récksäit vun engem Timber Plaz hätt – wann een den Timber an der Mëtt duerchschneit. Et kéint een also behaapten, datt den Här M’Barek zwar eng attraktiv Schnuff huet a bei den Dammen (net nëmmen deenen däitschen) dowéinst och gutt ukënnt, mä op kee Fall zu deene Schauspiller gehéiert, déi mech hannert menger Fotell doheem erauslackelen. Bis elo huet hie quasi nëmme Filmer gedréint, déi net mäi Béier waren.

Dann elo déi gutt Noriicht: Den Elyas M’Barek ass am Gaang, seng Carrière nei ze orientéieren an en huet…haalt Iech un…e wierklech gudde Film gedréit: DER FALL COLLINI, ënner der Regie vum Marco Kreuzpaintner, zesumme mam Franco Nero, Heiner Lauterbach, Alexandra Maria Lara, Rainer Bock a Manfred Zapatka a weideren Haaptrollen, nom Geriichtsroman vum Ferdinand von Schirach. Den M’Barek spillt de jonken Affekot Caspar Leinen, deem säin éischte grousse Fall him als Pflichtverteideger vun engem pensionéierte Gaaschtaarbechter aus Italien an de Schouss fällt. De Fabrizio Collini (Franco Nero) huet an engem Berliner Nobelhotel de steeräichen Industrielle Jean-Baptiste Meyer (Manfred Zatapka) an deem senger Suite erschoss. Duerno ass de Mann net fortgelaf, mä huet sech séileroueg am Hall vum Hotel op eng Fotell gesat an drop gewaart, datt d’Polizei hie verhaft. Obwuel de Caspar Leien eigentlech ganz no mat der Famill vum Meyer verknëppt ass an d’Famill och Drock mécht, datt hin de Fall net akzeptéiert, entscheet en sech, de Collini ze verdeedegen. Datt hien ausgewielt gouf, well en nach net vill Erfarung a sengem Beruff huet, gëtt dem Leien séier kloer, an de Fait datt de Collini all Ausso verweigert a kee Wuert mat sengem Affekot schwätzt, hëlleft natierlech och net. Mä de Caspar bäisst sech a senger Matière fest, mécht Recherchen a fënnt eraus, wat genee hannert der Affär stécht: De Collini huet de Mayer perséinlech kannt an hat och schonn emol eng Kéier viru Geriicht verklot…

Méi kann a well ech mam beschte Wëllen net vum Film erzielen, well de Spectateur soll – genee wéi den Affekot am Film – eng gewëssen Zäit am Däischteren tappen, ier hi, dann och eng Späicherluucht opgeet. Ween – wéi ech (Spoiler!) – déi rezent Geschicht vun Däitschland gutt kennt, ass dem Affekot wa méiglech ee Schratt viraus, well d’Plaz an Italien, wou de Collini hierkënnt, verréit ëm wat et kéint goen. Op jidder Fall huet den Auteur Von Schirach a sengem spannende Buch, dat de Marco Kreuzpaintner ganz treffsécher ëmgesat huet, e groussen däitsche Justizskandal op eng spannend an intelligent Aart a Weis ëmgesat. Zwar gëtt et (virun allem an de Réckblenden) heiansdo eng Grimmel ze vill pathetesch, mä och dat hëlleft der Effikassitéit vun der Geschicht déi – wéi gesot – op historesche Fakte berout. Den däitsche Kino huet sech laang schwéier gedoe mat sou Geschichten, ëm sou besser ass et, datt elo och en immens populäre Schauspiller wéi den Elyas M’Barek an eng kommerziell Gesellschaft wéi d’Constantin Film sech intensiv domat beschäftegen, fir nei Generatiounen drun ze erënnere wat war. Am Kinepolis op Belval souzen dräi ganz jonk Dammen am Sall, déi eventuell net op déi Thematik agestallt waren, well se vum Schauspiller aner Saache gewinnt sinn, mä et huet ee vun hinnen 2 Stonne laang kee Mucks héieren – ech war impressionnéiert.

Impressionnéiert war ech och vum Elyas M’Barek, deen de Gros vu senge Schauspiller-Ticke verluer huet an deen nawell ganz seriö eriwwer kënnt, och wann him eng Kéier e “fuck” erausrutscht, wa säi Mercedes am schloe Reen stieche bleift. Besonnesch gutt gefall huet mer och de Franco Nero, dee ganz wéineg am Film seet an trotzdeem eng eemoleg Präsenz um Ecran huet. An den Heiner Lauterbach als hannerlëschtege Rechtsverdréier ass och net vum schlechten Elteren. Deemno kann ech DER FALL COLLINI nëmme recommandéieren – och als Geschichtslektioun vir an der Schoul, eng Lektioun déi sécher méi bréngt wéi all FACK JU GÖTHE vun dëser Welt!

Jemp Thilges