Ech gi gär zou, datt ech momentan en zimlech schizophreent Verhältnis zum franséische Kino hunn, dee sech virun allem mat kanneregen an oft souguer saudomme Komedien iwwer Waasser hält, well – anscheinend – de grousse franséische Publikum sech nëmmen nach duerch Vulgaritéit an Humor “au ras des pâquerettes” an de Kino lackele léisst. Ech hunn et och opginn, quasi all franséische Film an de Kino kucken ze goen, wéi ech et an der Zäit emol gemaach hunn. D’Liewen ass einfach ze kuerz, fir sech zwou Stonne laang an de Kino iwwer all dee Blödsinn opreegen ze goen. Natierlech ass och dëst eng Pauschaliséierung, well a Frankräich gi selbstverständlech och nach ëmmer gutt bis ganz gutt Filmer gedréint, se komme just net ëmmer bis bei eis an de Kino. A wann dann emol e Bijou wéi zum Beispill den EDMOND bei eis ukënnt, huet d’Kritik meeschtens ganz wéineg Zäit fir de Leit de Film ze recommandéieren ier en nees fort ass, well mer hei am Land jo d’Filmer NET am Viraus gewise kréien. Och hunn d’Leit am Kino mëttlerweil d’Tendenz, bei de “Virspiller” mateneen ze braddelen, anstatt op den Ecran ze kucken…an sech da wonneren, wann se e gudde Film verpassen, well d’Geklaaps hinne méi wichteg war. “So Jemp, wéini kënnt dann deen oder dee Film endlech an de Kino?” ass eng Fro, déi ech nawell oft gestalt kréien, nodeems de Film scho längst net méi leeft. Trailere kucken, Zeitunge liesen oder Radio lauschtere fir sech ze informéieren – wie brauch dat schonn?

Mä genuch gemeckert, et hëlleft souwisou näischt. Dës Woch hunn ech iech e ganz apaarte Film aus Frankräich matbruecht, deen a keng vun de gängege Schabloune passt: LA DERNIÈRE FOLIE DE CLAIRE DARLING vum Julie Bertucelli, mam Catherine Deneuve a Chiara Mastroianni an den Haaptrollen. E Film iwwer d’Zäit déi vergeet, den Alter, den Doud, d’Famill, d’Léift an och iwwer d’Schicksal, dat heiansdo ganz brutal zouschloe kann. D’Claire Darling (Catherine Deneuve) ass eng nawell räich eeler Dame, déi eleng an hirem groussen Haus an engem klenge franséischen Duerf lieft a schonn 20 Joer kee Kontakt méi mat hirer Duechter Marie (Chiara Mastroianni) hat. D’Madamm Claire erwächt enges Moies an enger Panik an ass iwwerzeegt, dat dëst hire leschten Dag op dëser Welt ass. Si improviséiert spontan eng “vente de grenier”, fir sämtlech Objeten a Miwwelen an hirem Haus op ee Coup ze verkafen…oder besser ze verschleideren, well souguer Konschtwierker, déi d’Aen aus dem Kapp kascht hunn, verhökert se fir e puer Euro. Eng Frëndin vun der Famill avertéiert d’Marie, datt hier Mamm am Gaang ass eng “Dommheet” ze maachen a wahrscheinlech de Verstand verluer huet…

CLAIRE DARLING ass eng zimlech verspillten Adaptatioun vun engem englesche Roman, wou et virun allem ëm den Alter, d’Krankheet, d’Erënnerung, den Doud an awer och ëm d’Wichtegkeet vu Mënschen, Spillsaachen, Biller, Skulpturen a Fotoen an eisem Liewen. Lo kéint ee mengen, dës Mëschung aus déiwer Trauer, Souveniren u gutt a manner gutt Zäiten an awer och méi flotte Momenter géif eng zimlech morbid Mëschung am Kino ginn, mä dat ass hei net de Fall. Sécher ass de Personnage vum Catherine Deneuve mat Momenter eng tragesch Figur, mä d’Regisseurin versteet et, d’Atmosphär vum Film duerch formidabel an net ëmmer ganz logesch Geeschtesblëtzer opzelackeren, déi finalement deem Ganzen en zimlech labberen Aspekt ofgewannen. An d’Cinephilen dierft er freeën, datt et souguer verspillte Referenzen un de Buster Keaton an de Michelangelo Antonioni bis an de Film gepackt hunn.

Datt d’Chiara Mastroianni och am richtege Liewen d’Duechter vum Catherine Deneuve ass, dierften déi meescht vun Iech wëssen, dës Komplizitéit gëtt natierlech och dem Film eng speziell Dimensioun, ëmmerhin ass d’Madamm Deneuve och elo am Alter ukomm, wou een sech ganz sécher Gedanken iwwer den Doud mécht a wat mat all deem geschéie soll, wat een am Liewen “accumuléiert” huet, wann een emol eng Kéier net méi do ass.

LA DERNIERE FOLIE DE CLAIRE DARLING ass (zesumme mam EDMOND, deen dëser Deeg op DVD a BluRay erauskënnt) fir mech ee vun de beschten an och iwwerraschendste Filmer aus Frankräich vun de leschte Méint.