Viru 4 Joer huet de Jayro Bustamante mat sengem Film "Ixcanul" en Abléck an d’Liewe vun der indigener Bevëlkerung am Guatemala ginn. Elo kënnt hie mat engem neie Film "Temblores" an de Kino, deen eis nees onbekannte Facette vum Guatemala weist. "Temblores" ass eng Lëtzebuerger Koproduktioun, déi dëst Joer op der Berlinale gewise gouf.

Dem Paulo seng Famill ass iwwerzeegt, datt se nëmmen dat Bescht fir hie wëll. An dat Bescht an deem Fall heescht de Paulo ze heelen, hie vu senger Homosexualitéit ze befreien, fir datt hien erëm de Fils, Familljepapp a Mann ka sinn, deen hie bis ewell war.

"Temblores" ass en däischteren, erdréckende Film, net nëmme well e groussen Deel vum Film a groen, däischteren Interieuren gedréint gouf, mä och well et engem als Zuschauer hieft, wann een de reliéisen Acharnement muss nokucken, mat deem d’Famill an d’Kierch de Paulo souzesoe probéiert ze bekéieren.

Dem Realisateur geléngt et eis d’Zerrapptheet vum Paulo ze weisen, dee senger Hänn kee Rot weess, wéi d’Famill him kloer mécht, datt hie seng Kanner net wäert erëmgesinn esou laang hie sech net hëllefe léist. An hire Käpp ass de Wee vun der Homosexualitéit bei d’Pedophilie net wäit.

"Temblores" huet vun der Cineworld-Hëllef vum Lëtzebuerger Filmfong profitéiert, dee Filmer ënnerstëtzt, déi Dieren fir aner  Siichtweisen opmaachen. Datt de Guatemala mat esou extremen Iddien net eleng dosteet, huet viru kuerzem den amerikanesche Film "Boy erased" mam Nicole Kidmann a Lucas Hedges bewisen.