Den 8. Juli 1990 souz ganz Italien virun der Televisioun, fir d’Finall vun der Fussballweltmeeschterschaft ze kucken, wou Italien géint Argentinien gespillt huet. E Match, deen duerch en Eelefmeterschéissen entscheet gouf.

Och zu Roum sëtzt deen Owend all Mënsch virun der "Glotzkëscht". Just an deem Moment, wou den argentinesche Goalkeeper de leschten italieneschen Eelefmeter stoppt an eng Welt fir d’Azzurri zesummebrécht, flattert en décken Daimler (oder ass et e Jaguar?) duerch Gelänner vun enger Bréck, flatsch an den Tiber. Mä kee Mënsch dréit sech ëm, fir ze kucken, wat lass ass, well an Italien ass Vollekstrauer ausgebrach. Am Auto souz - ganz eleng um Récksëtz - den italienesche Filmproduzent Leandro Saponaro (Giancarlo Giannini). D’Carabinieri, déi den Auto aus dem Waasser zéien, sti virun engem Rätsel, well et stellt sech eraus, datt de Mann kee Waasser an de Longen huet, e war also schonn dout ier en an den Tiber geflattert ass. 3 jonk Dréibuchauteuren (zwee Männer, eng Fra), déi op Roum koumen, well se Finalisten an engem groussen Dréibuchconcours sinn, ginn als méiglech Mäerder identifizéiert a mussen dem Capitano vun de Carabinieri Ried an Äntwert stoen, wat dann elo wierklech geschitt ass.

Wat ufänkt wéi e Krimi mat Calcio a Vollekstrauer-Hannergrond, entwéckelt sech ganz séier zu eppes ganz anerem, nämlech enger batterbéiser an zimlech gespréicheger (mir sinn an Italien) Komedie iwwer den italienesche Kino, seng Glanzzäit an awer och säin Néiergang, deen an den 90er Jore besonnesch akut war. Ech muss Iech direkt warnen: Wann Dir mam italienesche Kino vun deemools näischt um Hutt hutt, dann ass dem Paolo Virzi säin NOTTI MAGICHE ganz sécher kee Film fir Iech. Den Titel huet de Film sech beim offizielle Lidd vun der Weltmeeschterschaft 1990 geklaut, dat ënner anerem d’Gianna Nannini gesongen huet. An d’Geschicht vum Film spillt och wärend deem Mount, wou alles an Italien sech ëm de Calcio gedréit huet. Mä hei geet et just ëm de Kino. De Film spillt an engem Mikrokosmos, wou jidderee jidderee just mam Virnumm nennt, och wann se iwwert en hierfalen. Nimm wéi Ettore, Vittorio, Federico, Ennio, Sergio, Suso, Nanni, Dino a wéi se all heeschen, tauchen ëmmer nees an de Konversatiounen op an et ass och mir heiansdo iwwer de Kapp ewechgaangen, well souguer ech hunn net all d’Referenze vun der Glanzzäit vum italienesche Kino am Kapp, obwuel ech eng Onmass vun deene Filmer am Laf vun de Joren zu Villerupt gesinn hunn.

Eppes ass sécher, ech hunn nach ni esou e gehässegen a batterbéise Film iwwer den italienesche Kino gesinn, wéi NOTTI MAGICHE. Déi Al géint déi Jonk, déi Intellektuell géint déi, di léiwer Komedien, Western, Peplum oder Giallo dréien. D’Produzenten, déi de Revolver beim Wuert "Kultur" eraushuelen an déi jiddereen iwwer den Dësch zéien a reegelméisseg um Bord vun der Faillite stinn, awer ëmmer genuch Sue fannen, fir mat hire bluttjonke Bimbo-Maîtressen dorëmmer ze gondelen – bref, all déi pittoresk Flora a Fauna, déi den italienesche Kino an deene Joren ausgemaach huet, ier dat Ganzt d’Baach, respektiv den Tiber agaangen ass.

Wann der Iech also an där Zeen auskennt, keng Angscht hutt viru méi wéi 2 Stonne verbalem Duerchfall an Iech gutt an intelligent iwwer den italienesche Kino ameséiere wëllt, dann ass den NOTTI MAGICHE sécher kee Selbstgol.

Gianpietro Thilges

[omments]