Wann een no der Vakanz eng ganz Hickecht Filmer muss nohuelen, déi ee verpasst huet, kann et ganz gutt sinn, datt een an engem an deem selwechten Dag e puer Mol op en décke Koup Schrott fält an ënner Ëmstänn den Eekel an de Kino kritt. Dat kënnt bei mir zwar seele vir, mä wéi mer leschten Dënschdeg den X-MEN: DARK PHOENIX, wéi och den JOHN WICK CHAPTER 3: PARABELLUM hannereneen op d’Gemitt geschloe sinn, war ech quasi prett, fir mech vun der nächster Bréck ze jummen oder unzefänke mat Timbere sammelen. Mä d’Amerikaner behaapte jo, datt all Wollek e sëlwerege Bord huet…an dee Film, deen ech dunn en Donneschdeg entdeckt hunn, huet mer nees richteg Loscht op Kino gemaach…an d’Kris war iwwerstanen. Alles wat mer gefeelt huet, war e Schwäin, dat Emma heescht, an e gezappten Hunn, dee se Greasy nennen.

De Film heescht THE BIGGEST LITTLE FARM, et ass en Documentaire a gedréint gouf e vum Déierefilmer John Chester, deen zesumme mat senger Fra Molly zu Santa Monica bei Los Angeles an engem klengen Appartement gewunnt huet, aus deem se erausgehäit goufen, well hiren Hond vu moies bis owes gebillt huet. Well se dem Hond, dee se virun engem sécheren Dout gerett hunn, versprach haten, se géifen en nimools am Stach loossen, a well d’Molly (eng Hobbykächin a Food-Bloggerin) ëmmer vun enger eegener, nohalteger Farm gedreemt huet, hunn déi Zwee Los Angeles hannert sech gelooss an hunn den 80 Hektar (200 acres) grousse Bauerenhaff “Apricot Lane Farm” zu Moorpark kaf. D’Farm war total vernoléissegt, well d’Proprietäre mordikus Monokultur bedriwwen hunn, de Buedem war steenhaart an et konnt ausser Onkraut guer näischt méi do wuessen. Mat der Hëllef vum Alan York, engem ganz eegewëllege Spezialist fir Biodiversitéit, huet déi couragéiert Koppel dunn ugefaange, de Bauerenhaff no hiren an dem Alan senge Virstellungen nees op Zack ze bréngen. An et ass dës Aventure, déi sech iwwer 8 Joer hinzitt, déi de Film erzielt.

Et kann ee sech jo virstellen, mat wat fir enge Problemer déi Leit ze kämpfen haten, well déi aner Farme ronderëm “Apricot Lane” hu weider op Monokultur gesat an hate fir déi nei “Pionéier” kaum méi wéi en dommt Grinsen iwwreg. A Problemer gouf et der genuch: D’Coyoten hunn hir Hénger a Gänse masseweis futti gemaach, d’Insekten an d’Vullen hunn d’Friichte méi séier vun de Beem gefriess, wéi se gewuess sinn, d’Gopheren (Äerdhörnchen) hunn d’Wuerzele vun de Beem zerstéiert, eng Joerhonnerdréchent huet hir Waasserreserven opgefriess a mat de grousse Bëschbränn a Kalifornien war och net ze spaassen. An trotzdeem…

Et kënnt net oft vir, datt ech op dëser Plaz d’Geleeënheet hunn, iwwer en Dokumentarfilm ze schwäermen, well dee Genre net oft an eise Kinoe Plaz fënnt. Mä fir THE BIGGEST LITTLE FARM muss ech wierklech d’Programmatioun am Utopia an héchsten Téin luewe – déi (richteg) Geschicht, déi eis hei op engem herrlech Manéier a formidabele Biller an engem onopgereegte Kommentar erzielt gëtt, gehéiert fir mech sécher zu de ganz grousse Kino-Momenter vum Joer. An engem Moment, wou den Ëmweltschutz an de Klimawandel ganz grouss an der Diskussioun stinn, deet et wierklech gutt, enger couragéierter Koppel iwwer d’Schëller ze kucken, déi hiren Dram mat aller Konsequenz ausliewen, an dat obwuel d’Natur hinne jorelaang alles anescht wéi gutt gesënnt ass.

Wat wierklech hätt kënnen zu engem finanziellen an och mënschlechen Desaster fir de John an d’Molly Chester ginn, gouf schlussendlech zu engem risegen Erfollegerliefnes, bei deem et engem als Spectateur am Kino ganz waarm em d’Häerz gëtt. THE BIGGEST LITTLE FARM ass e Feelgood-Movie, dee fir mech just zum richtege Moment koum. Leider souz ech a menger Mëttegvirstellung ganz eleng am Kino…ech hoffen datt dëse klengen Text Iech wierklech Loscht gemaach huet, eng Kéier sou richteg an der Mëscht ze wullen.

Jemp Thilges