England, an den 1990er Joren. Déi pensionéiert Joan Stanley (Judi Dench), déi eleng wunnt, gëtt vum Geheimdéngscht MI5 verhaft – wéinst Spionage an Héichverrot. Bei hirem Verhéier an de Büroe vum MI5 gi mer gewuer, datt d’Joan an den 1930er Joren (Sophie Cookson) op der Universitéit Cambridge e Verhältnes mam Kommunist Leo (Tom Hughes) hat, dat allerdéngs net laang gedauert huet, well de Leo dacks iwwer länger Zäit verschwonnen ass. E puer Joer méi spéit gouf d’Joan engagéiert, fir e Fuerschungsprogramm, deen "Tube Alloys" geheescht huet a bei deem England, mat der Hëllef vu Kanada, versicht hunn hir eegen Atombomm ze bauen. Op eemol ass de Leo nees beim Joan opgedaucht an huet versicht, hatt derzou ze kréien streng geheim Detailer iwwer d’Atombomm u Russland ze verroden. Dat huet déi jonk Fra allerdéngs refuséiert. Wéi den amerikanesche President Truman allerdéngs decidéiert huet, Atombommen op Hiroshima an Nagasaki erofgeheien ze loossen, huet Joan awer Detailer weiderginn – mat der un a fir sech valabeler Argumentatioun, datt wa béid Säiten d’Atombomm hätt, kee se géif benotzen, fir deen aneren unzegräifen…

"This film is based on true events" kann een am Ufank vu RED JOAN um Ecran liesen, "dëse Film baséiert op Evenementer, déi richteg geschitt sinn". Allerdéngs huet d’Fra, där hir Liewensgeschicht hei erzielt gëtt, Melitta Norwood geheescht. Firwat den Numm geännert gouf a wéi wäit den Zeenario mat der Realitéit vun deemools iwwerenee stëmmt, weess ech mam beschte Wëllen net. Goufen et ëmmer nach Elementer an der Enquête, déi och nach haut geheim gehale musse ginn – keng Anung. Egal…mä iergendwéi hunn ech d’Gefill, datt dat ganz "ronderëm de Bräi geréiers" dem Film schlussendlech net hëlleft.

Den Haaptproblem vu RED JOAN ass deen, datt d’Geschicht op zwee Niveauen erzielt gëtt: Wann d’Judi Dench vum MI5 verhéiert gëtt, kréie mer a Réckblende mam Sophie Cookson an der Titelroll erzielt, wat deemools geschitt ass. An de Regisseur Trevor Nunn benotzt dës extrem traditionell Erzielmethod einfach ze systematesch – et kann ee bal seng Auer duerno stellen, wann ongeféier all zwanzeg Minutten nees tëscht den 1990er an den 1940er Joren hin an hir geschalt gëtt – dowéinst ass de Film och schéin a kontemplativ awer net onbedéngt spannend ausgefall. D’Rekonstruktioun vun de Krichsjoren an England ass gelongen, Kostümer an Dekore klappen, d’Schauspiller versichen, dat Bescht draus ze maachen, mä iergendwéi plätscht dat Ganzt séileroueg viru sech hin, ouni datt ee sech wierklech ëm d’Schicksal vun de Protagoniste grouss Gedanke mécht.

RED JOAN ass englesche Kino, dee mer eng Grëtz ze vill verstëbst inzenéiert gouf, den Drock, deem deemools d’Joan respektiv d’Melita ausgesat war, spiert een eigentlech ganz seelen, an d’Libesgeschicht rappt een och net onbedéngt vum Stull. Judi Dench (an de modernen Zeenen) ass natierlech gutt an emouvant wéi ëmmer, mä och hir Roll geet mer zum Schluss ze vill a Richtung vum melodramatesche Klischee (hire Bouf, deen Affekot ass, wëll seng Mamm net viru Geriicht verdeedegen). Den interessantsten Detail vum Film bleift un a fir sech d’Informatioun (déi och ech net kannt hunn), datt d’Englänner mat de Kanadier zesummen un der Atombomm gewurschtelt hunn.

Vläicht hätt een déi Geschicht jo méi am Detail sollen erzielen…

Jemp Thilges