Déiere sinn och Mënschen…et wier just gutt, wa méi Leit dat wësse géifen. Wann ee sech déi sëlleche Videoen um Internet ukuckt, wou Hënn, Kazen an all méiglech anert Gedéiesch déi witzegst Dommheete maachen an déi bossegst Kopplabunze schloen, da gëtt et engem ëmmer nees bewosst, wéi wichteg eis Hausdéieren an Déieren iwwerhaapt fir eist séilescht Gläichgewiicht sinn. Zemools elo um Ufank vum Summer, wou leider vill ze vill vun eise Matmënschen hir trei Begleeder awer net méi sou gär hunn an iergendwou nieft der Strooss un e Luuchtepotto bannen, fir hinne lasszeginn. Oder déi di wëll Béischten ofschluechten, just fir un hire Pelz oder hir Haren ze kommen…oder nach méi schlëmm, just fir eng Foto op Fatzbukk ze setzen.

Dëse Mëttwoch ass also den zweeten Deel vun THE SECRET LIFE OF PETS am Kino ugelaf, an ech sinn e kucke gaangen, kuerz nodeems ech déi fuerchtbar Neiegkeet vum Pol Cruchten sengem vill ze fréien Dout krut. Vläicht war eng Komedie jo just dat, wat ech dee Moment gebraucht hunn, well sou richteg bei der Saach war ech net. Mä dat geckegt Gedéiesch huet mech trotz all mengem Misär zum Laache bruecht, genee esou wéi och en treit Hausdéier engem a schwéiere Momenter zur Säit stoe kann. Wou d’Tréinen, déi ech gelaacht hunn, allerdéngs hierkoumen, kann ee sech trotzdeem virstellen.

D’GEHEIMLIEWE VUN DEN HAUSDÉIEREN 2 also. De klenge Schoussmippche Max hat bis elo en zimlecht rouegt Liewe bei der Koppel, wou hie lieft. Mä zanter Kuerzem ass et eriwwer mat der Bequemlechkeet, well d’Koppel krut e klenge Bouf, dee vun elo un den Alldag am Stot bestëmmt. Am Ufank war et net einfach tëscht Mupp a Kand, mä mëttlerweil sinn déi zwee gutt Frënn ginn, sou gutt, datt de Max sech Dag an Nuecht Gedanke mécht, iwwer dem Bouf seng Sécherheet an souguer vu grujelegen Accidenter dreemt. Wéi d’Famill dunn och nach Vakanz bei Famill um Bauerenhaff mécht, dréit de Max quasi duerch wéinst all de Geforen, déi di bei de Kéi, de Schwäin an de Schof op de Béifche waarde kéinten. Mupp sei Dank dierf de Max awer mat op d’Land fir opzepassen. Allerdéngs huet hie méi Angscht virun all deem frieme Gedéiesch wéi säi Schützling. De Schéiferhond Rooster (Stëmm vum Harrison Ford), deen um Haff d’Soen huet, hëlleft dem Max sech ze “emanzipéieren”…

D’Geschicht vum Max a “sengem” Bouf ass just ee vun dräi Handlungssträng, déi de SECRET LIFE OF PETS erzielt. Well de Spitz Gidget huet dem Max seng Liiblingsspillsaach, op déi en oppasse sollt, an engem Haus voller Kaze verluer an muss sech elo als Kaz verkleeden, fir dat Quiitschdéngen erëmzekréien. An dobäi ass de Gidget op d’Hëllef vun der fetter Kaz Chloe ugewisen, déi liddereg ass wéi Mëscht…eng Kaz eben. An den drëtten Held ass d’wäiss Kanéngche Snowball, déi sech fir e Superheld hält an decidéiert en Tiger ze befreien, deen an engem russeschen Zirkus gepéngegt gëtt. Den Tiger gëtt allerdéngs vun engem Ruddel Wëllef bewaacht…

Wéi der also liese konnt, geet et drënner an driwwer an dësen digitalen Trickfilm, dee vum Imagination-Studio produzéiert gouf (dat sinn déi mat de “Minions”). Imagination (mat franséischen Originnen) ass nieft Disney, Pixar an Dreamworks de véierte wichtege Produzent vun Animatiounsfilmer, déi sech momentan de grousse Maart opdeelen. Hir Filmer si vläicht eng Grimmel manner sophistiquéiert wéi déi vun der Konkurrenz, mä hiren Humor ass vläicht och eng Grëtz méi geckeg wéi dee vun der Konkurrenz. An dësem neie Film ginn et nämlech eng ganz Rei vun total verréckten Zeenen, déi engem Tex Avery oder Chuck Jones nawell ganz gutt gefall hätten. Wat mer besonnesch gutt gefall huet, ass, datt den Déieren hiert Behuelen an hir Mimik immens realistesch ëmgesat goufen, mat deem Ënnerscheed allerdéngs, datt mer net wëssen ob eis Hausdieren doheem och iwwer eis schwätzen, wa si ënnert sech sinn.

THE SECRET LIFE OF PETS 2 ass e Film fir d’ganz Famill, wou déi Grouss sech iwwer aner Saache freeë kënne wéi hiren Nowuess, zemools déi, di och sou en Déier doheem hunn. Vläicht gëtt de Film géint de Schluss eng Grimmel ze hektesch, fir ganz kleng Kanner, mä mat enger Lafzäit vu knapp 80 Minutten, ass dat Ganzt net ze laang ausgefall – dat ass ëmmer gutt. Qualitéitsméisseg si mer natierlech e gudde Strapp ewech vum genialen TOY STORY 4, mä fir d’Vakanz um richtege Fouss unzefänken, ass dëst “Véi” genee dat richtegt.

Jemp Thilges