Wéi de Walt Disney Mëtt den 1930er Joren déi geckeg Iddi hat, fir d’Geschicht vum Schnéiwittchen an Zeechentrickform ze erzielen, hunn déi aner Studioen hie fir verréckt gehalen. Hien huet deemools musse quasi säi lescht Hiem verschierbelen, fir säi verréckte Projet zu engem gudden Enn ze bréngen. Wéi d’Geschicht ausgaangen ass wësse mer, “Snow White and the Seven Dwarfs” war den éischte Bijou an enger schier onendlecher Serie vun Animatiouns-Meeschterwierker, déi bis haut eemoleg an der Filmgeschicht dostinn. An am Laf vun de Joerzéngten huet déi Firma, déi haut “The Walt Disney Company” heescht, virun allem duerch hir oft brillant Trickfilmer eng Maschinn erfonnt, déi et erlaabt legal Geldschäiner ze drécken. Nodeems Disney och Pixar, Lucasfilm, Marvel a viru kuerzem och 20th Century Fox opkaf huet, sti si eemoleg an der amerikanescher a weltwäiter Filmzeen do – egal wat si op den Ecran bréngen, mécht Goss zu vrecks.  Mat Filmer, déi reegelméisseg 1 bis 2 Milliarden Dollar an de Kinoen duerch d’Welt aspillen, hu si quasi eng Monopolsituatioun erreecht, déi hinne sou bal kee méi ewechhuele kann.

© 2019 The Walt Disney Company

Zënter e puer Joren huet Disney ugefaangen, hir Animatiounsklassiker mat Hëllef vun der mëttlerweil perfekter Digitaltechnik nei ze verfilmen, eppes wat och mir net an de Krom passt, well dobäi vill Kreativitéit op der Streck bleift an d’Haus mat der Maus kaum nach e Risiko ageet, well se quasi d’Garantie hunn, datt all dës Filmer den Jackpot an de Kinoe knacken, souguer déi, wou eng Grimmel manner gutt ginn, spillen awer nach gigantesch Zommen an. Wéi ech virun enger Zäit héieren hunn, dat se sech och THE LION KING virknäppe géifen, sinn ech fir d’éischt emol erschreckt, well den Zeechentrickfilm vun 1994 zu de perfektste gehéiert, deen Disney jee gemaach hunn. Schonn deemools hu se de Box-Office op der ganzer Welt dynamiséiert.

© 2019 The Walt Disney Company

De neie LION KING leeft eréischt d’nächst Woch e Mëttwoch un, mir hunn en allerdéngs als Film vun der Woch virgezunn – éischtens well dës Woch näischt besonnesch Interessantes ugelaf ass an, zweetens, well mer als leschte Film vun der Woch virun der Summervakanz Iech eppes ganz Besonnesches bidde wollten. Dofir och e grousse Merci un de Kino um Kierchbierg an un d’Walt Disney Company, déi eis de Film am Viraus gewisen hunn, frësch aus dem Labo an nach ouni Ënnertitelen.

© 2019 The Walt Disney Company

Och wann ech retizent war vis-à-vis vun dëser Neioplo vum LÉIWEKINNÉK, well den Original zu menge Liiblingsfilmer gehéiert, muss ech zouginn, datt dem Jon Favreau seng Virtual-Reality-Versioun mech schonn no puer Minutte gekroopt hat wéi e Krokodil oder eng Hyän, déi een net méi lassloossen, wa se eng Kéier zougebass hunn. Ech war mer scho bewosst, datt zënter Disney hirem virtuellen JUNGLE BOOK (2016, och vum Jon Favreau inzenéiert) d’Digitaltechnik gigantesch Fortschrëtter gemaach huet, mä trotzdeem war ech carrement verblent vun deem, wat se hei fäerdeg bruecht hunn. Ech war schonn e puer Mol op Safari an Tansania, Kenia oder Südafrika, a bei dësem Film hat ech méi wéi eemol d’Gefill, ech fir mat menger Safari-Jeep direkt an de Kino eragefuer, sou realistesch gesi sämtlech wëll Déieren um Ecran aus. Selbstverständlech schwätzen a sangen d’Déieren an der Savann net, mä alles anescht ass sou realistesch, datt een Tréinen an d’Ae kritt…an net nëmme vun der traureg Handlung.

© 2019 The Walt Disney Company

Den Jon Favreau huet op der enger Séit verschidden ikonesch Zeene vum Original quasi eent zu eent ëmgesat, zum Beispill de Fiels am Ufank vum Film, wou de Mufasa der Déierwelt säin Nowues virstellt, oder déi, wou de Knaschtsak Scar an d’Hyänen d’Wildebeests (“Gnu” op Lëtzebuergesch) op de Mufasa hetzen, fir en ëmzebréngen. Mä dank de Fortschrëtter an der virtueller Realitéit konnten de Regisseur a säi Kameramann Caleb Deschanel Kamerabeweegunge maachen, déi ee bis elo nach a kengem fotorealistesche Film gesinn huet. Dat Ganzt ass esou perfekt, dat engem de Mond opstoe bleift.

© 2019 The Walt Disney Company

Lo frot der vläicht, ob bei sou vill Technik a Computergewurtschtels d’Emotioune vun der Geschicht iwwerhaapt nach eriwwerkommen – an ech kann Iech bestätege – JO! Laachen a kräische leien hei, grad wéi beim Original vun 1994, ganz no beieneen, an och wann déi fotorealistesch Déiere sangen a schwätzen, funktionéiert dat perfekt. Ech hunn souguer eng Kéier sou haart gelaacht, datt meng Kollegen am Kino gemengt hunn, ech hätt der Verstand verluer. Dat war iwwregens bei enger Zeen, déi net am Original dra war.

© 2019 The Walt Disney Company

Ënnert dem Stréch kann ech also behaapten, datt THE LION  KING 2019 eng Reussite ass, déi nees en Äerdbiewen am Kino ausléise wäert. Mat ganz klenge Kanner sollt een allerdéngs oppassen a se op de Film virbereeden – déi wëll Déieren si vill méi realisteschm wéi am Original a kënnen déi méi Kleng ganz sécher erschrecken.

Jemp Thilges