Et ginn zwou Méiglechkeeten, fir un dësen néngte Film aus der Fast & Furious Serie erunzegoen...

Entweder et mécht een op “seriöe Filmkritiker” an et zerrappt een den Actionfilm an der Loft, oder et léisst een sech op dat destruktiivt Spillche vum Ex-Stuntman an elo Regisseur David Lietch an… an et schalt een 135 Minutten d’Gehir an all déi gro Zellen of… an et genéisst een dës Zerstéierungsorgie wéi e klenge Bouf, deen elo just eng grouss Kollektioun Dinky-Toys-Autoe geschenkt krut, fir dermat ze spillen an se iergendwann mat enger Staang Dynamit an d’Luucht ze joen. Kabumm!

Kabumm, Vroom-vroom a Baller-baller, dat sinn déi dräi Ausdréck , déi de Film am beschten ëmschreiwen. Ganz am Ufank ginn et parallel Schnëssstécker zu Los Angeles, mam Luke Hobbs/Dwayne Johnson, an zu London, mam Deckhard Shaw/Jason Statham. Déi zwee si wéi Hond a Kaz, kënnen sech op den Doud net ausstoen a geroden sech all Kéier an d’Hoer, wann se sech begéinen. Mä an England huet eng weltwäit High-Tech-Terrorismus-Grupp mat Hëllef vun engem Cyber-Anarchist Brixton (Idris Elba) versicht, en déidleche Virus ze klauen, deen d’ganz Mënschheet ëmbrénge kéint. D’Hattie Shaw (Vanessa Kirby), dat fir den MI6 schafft an d’Schwëster vum Deckhard ass, huet et awer fäerdeg bruecht, sech de Virus an deen eegene Kierper ze sprëtzen, fir dat d’Terroristen net drukommen. Allerdéngs huet hatt net ganz vill Zäit, ier de Virus och fir hatt déidlech ass. D’Cheffe vum amerikaneschen a vum englesche Geheimdéngscht zwéngen den Hobbs an de Shaw zesummenzeschaffen, fir d’Hattie a fir d’Welt ze retten, well de Brixton ass och hannert him hier…

Voilà, ech hunn Iech elo ongeféier déi éischt 20 Minutte vun HOBBS & SHAW erzielt, mä dat Déngen dauert 2 Stonnen a 15 Minutte – der kënnt Iech also virstellen, wéi vill et nach fluppen, knallen a ballere muss, ier d’Welt an d’Schwëster gerett sinn an de béise Brixton de Rubikon passéiert. Dofir hëlt de Film Iech mat vu Los Angeles a London iwwer d’Ukrain bis op…Samoa. Frot net wéi op eemol Samoa an d’Spill kënnt, well ech verroden näischt – ech si jo kee Spoiler. A Logik war wuel nach ni ee vun den Haaptbestanddeeler vu kengem vun de FAST & FURIOUS Filmer.

Mir sinn hei vun Ufank bis zum Schluss am totalen Delirium Tremens, d’Auteure vum Dréibuch hate wuel d’Moquette gefëmmt, ier se den Zeenario geschriwwen huet, wëll et ergëtt absolut guer näischt e Sënn, ausser datt et fluppt, knuppt, rubbelt a quiitscht an datt et total mierf Verfolgungsjuegte mat allen Zorte vu Vehikele gëtt, déi och zum groussen Deel an hir Bestanddeeler zerluet ginn. HOBBS & SHAW ass deemno – je no ärer Astellung – absolute Summerkino vun der beschter oder schlëmmster Zort. Entweder der kritt e kolossale Kappwéi am Kino, oder der schnallt äre Sécherheetsgurt un a loosst Iech duerch d’Weltgeschicht gondelen. Wann der allerdéngs Problemer mam Réck hutt, wier et net ubruecht Iech de Film am 4DX-Sall eranzezéien. Är Wirbelsail seet Iech Merci!

Jemp Thilges