Datt de Quentin Tarantino eng gréisser mat der Broutschéiss huet, weess sech spéitstens zënter ech eng Kéier zu Cannes bei engem asiateschen Action- a KungFu Film nieft him souz.

Ech hat Chance, datt ech no der Virstellung keng blo Flecken hat, well de gudde Quentin huet sech déi ganz Zäit méi hektesch beweegt wéi d’Helden um Ecran – e reegelrechte Wibbeldewapp, deen och nach sou haart gelaacht huet, datt mer Dronkenellen ausgaange sinn. Wéi et nees hell gouf, sot ech dem Quentin, datt ech seng Filmer ganz gär hätt, mä datt ech ni méi a mengem Liewe wéilt am Kino nieft him sëtzen.

Säin neisten an deemno néngte Film, ONCE UPON A TIME IN HOLLYWOOD, huet mer och ganz gutt gefall, ech misst déi aner aacht nach eng Kéier kucken, mä et kéint gutt sinn, datt dësen – op d'mannst fir mech – säi perséinlechsten a vläicht och beschte Film ass. Hei hat hien nämlech d’Geleeënheet seng Passioun fir de klasseschen amerikanesche Kino, mä och fir de Quartierskino voll a ganz auszeliewen. Un a fir sech ass de QT jo keen, dee mat besonnesch originellen Theme gereest kënnt, seng Dréibicher, déi en ëmmer selwer schreift, si meeschtens sou vollgestoppt mat filmesche Referenzen, datt souguer en total geckege Cinephile wéi ech, heiansdo d’Schlappe verléiert, well et quasi onméiglech ass, all déi Zitater vun anere Filmer direkt matzekréien. Ech géif also soen, datt ee schonn eng gutt cinematographesch Kultur muss hunn, fir dëse Film richteg ze genéissen.

Wéi et virun zwee Joer geheescht huet, de QT géif sech a sengem nächste Film mam gräissleche Mord un der schwangerer Sharon Tate (d’Fra vum Roman Polanski) duerch “Jünger” vum Charles Manson befaassen, hunn ech fir d’éischt emol geschléckt, well den Tarantino jo net onbedéngt fir d’Subtilitéit vu sengen Aarbechte bekannt ass, an datt Gewalt dobäi ëmmer eng grouss Roll spillt. En konnt engem also Angscht maache wat de gudde Mann mat deier schrecklecher Dot géif ufänken. Ech goung deemno mat gemëschte Gefiller an de Kino…an de QT huet mech agreabel iwwerrascht. Zwar spille Kläppereien a Schnëssstécker och hei eng grouss Roll, mä wat de Mord um Sharon Tate a seng Frënn betrëfft, do huet de Regisseur bewisen, datt hien och ganz mënschlech ka sinn. D’Aart a Weis wéi hien d’Saach geléist huet, ass iwwerraschend sober an souguer zäertlech ausgefall. Méi gëtt net verroden.

Un a fir sech geet et am Film ëm d’Joer 1969, wou Hollywood viru ganz grousse Changementer stoung, well d’Kinosindustrie mat spéidere Filmer wéi “Jaws”, “E.T.” oder “Star Wars” drop an dru war, sech vu Grond op ze änneren. Och de fréieren TV- and Kinostar Rick Dalton (Leonardo DiCaprio) kritt dat um eegene Leif ze spieren, seng Carrière päift um leschte Lach a fir ze rette, wat ze retten ass, muss hie souguer akzeptéieren, an zweet- oder drëttklassege Spaghetti-Western an Italien matzespillen. Dem Rick säin eenzege Frënd, de Stuntman Cliff Booth (Brad Pitt), huet och net méi genuch Aarbecht an ass mëttlerweil eigentlech net vill méi wéi dem Dalton seng Botzfra a säi Chauffeur. Am gläiche Moment kënnt zu Hollywood eng nei Generatioun vu Regisseuren a Schauspiller un d’Rudder, déi den amerikanesche Kino an eng aner Richtung dreiwen. Regisseure wéi de Pol Roman Polanski, Schauspiller, wéi dem Polanski seng Fra Sharon Tate (Margot Robbie). An den Zoufall wëll, datt Polanski an Tate direkt Nopere vum Rick Dalton sinn…

ONCE UPON A TIME IN HOLLYWOOD ass – wéi ëmmer beim QT – e laange Film, dee sécher ville Leit ze laang ass, well den Tarantino nawell net gär a seng Zeene schneide geet. An anere Wierder, et kënnt schonn emol vir datt ee vun de Personnage ganz laang am Auto fiert, Musek lauschtert an ëmmer nees laanscht Kinoe gondelt, wou een a ganz grousse Buschtawen d’Titele vu Filmer liese kann, déi deemools (1969) am Kino gelaf sinn. Fir ee wéi mech, deen déi Filmer quasi all gesinn huet, ass dat natierlech méi interessant a spannend, wéi fir een, deen domat näischt unzefänke weess. Och bei den Dialogen ass et wéi ëmmer beim Quentin – verschidde vu senge Personnage leide – wéi de Regisseur selwer – u verbalem Duerchfall. An d’Cinephilie vum Tarantino hellt net do op – eng ganz Rei vu bekannte Schauspiller, déi deemools um Zenith vun hirer Carriere stoungen (Bruce Lee, Steve McQueen) trieden och am Film op, genee sou wéi dee klassesche Produzent, deem ganz wéineg un der Filmkonscht läit, an deen nëmmen um Frick interesséiert ass.

Alles dat sollt een deemno wëssen, ier en sech fir zwou an eng hallef Stonn an de Kino tässelt. ONCE UPON A TIME IN HOLLYWOOD ass  kee Film fir jiddereen, et sollt ee schonn eng gesond Kinoskultur hunn, fir dat vergëfte Kinosmärchen a vollen Zich ze genéissen.