Déi franséisch Regisseurin Agnès Varda ass am Mäerz dëst Joer gestuerwen.

Kuerz virdrun huet si zu Berlin d’gëlle Kamera fir hiert Liewenswierk kritt: eng Auszeechnung niewent villen aneren - dorënner och engem Éieren-Oscar - deen hir Wichtegkeet fir de Kino, virun allem de franséischen däitlech mécht. An hirem leschte Film „Varda by Agnès“, deen elo bei eis am Kino leeft, gëtt si Abléck an hiert Schaffen.

„Varda by Agnès“ ass eng Art Masterclass, an där se unhand vu Filmbeispiller Abléck an hir Aarbecht gëtt, weist, wéi se vun der Fotografie bei de Film komm ass, ouni grouss Studie gemaach ze hunn, wéi se sech virun allem am Ufank op hiren Instinkt verlooss huet an ugefaangen huet, ze dréinen. Eng 50 Filmer, dorënner eng Rëtsch Kuerzfilmer an Documentairen, sinn esou entstanen.

D‘Agnès Varda, déi vun sech selwer behaapt huet, si hätt virwëtzeg Aen, gehéiert e.a. mam François Truffaut, Jean-Luc Godard an hirem Mann Jacques Demy zur Nouvelle vague, déi de franséische Kino Enn der 50er revolutionéiert huet. Dat seet si selwer an hirem Film net esou, verweist éischter op 3 Prinzipien, déi hir ëmmer wichteg waren: Inspiratioun, Kreatioun a Partage (Deelen).

Hiert Liewenswierk ass beandrockend: mat bal 70 huet d'Agnès Varda och ugefaangen, Video-Installatiounen ze maachen, a wahrscheinlech ass et hiren oppene liewege Bléck gekoppelt mat engem absolute Feelen un Arroganz an Iwwerhieflechkeet, deen „Varda by Agnès“ esou interessant mécht.

Et ass en Abléck an hiert Schaffen, mä virun allem en Autoportrait vun enger origineller, engagéierter Kënschtlerin, déi sech selwer net ze eescht hëlt.