Eng ongewollte Schnauer, eng räich Famill, Traditioun a Stoppches: Wat dat alles mat engem Horrorfilm ze dinn huet, verréit iech de Jemp Thilges.

Heiansdo ginn et Filmer, bei deenen engem d’Laachen am Hals stieche bleift, entweder, well se de Geck mat Saache maachen, déi iwwerhaapt net witzeg sinn, oder awer, well dat wat een um Ecran gesäit, sou iwwerdriwwen ass, datt ee bal vu Laachen erstéckt. Bei Horrorfilmer…oder - op Lëtzebuergesch – bei Grujelfilmer si sou Saachen allerdéngs éischter rar. Do geet et a leschter Zäit éischter drëm, de Spectateur am Sall därmoossen ze degoûtéieren, datt et him oder hier schlecht gëtt. Op Englesch nennt een dat “Technicolor Yawn”, op Lëtzebuergesch “faarweg katzen”. Pardon, mä dat huet mussen eraus!

Wann et Iech geet wéi mir, dann hutt der d’Nimm Matt Bettinelli-Olpin an Tyler Gilett nach ni héieren, mä ech hu mer déi zwee Borschten a rouder Faarf a mengem klenge Bichelchen agedroen, nodeems ech hire READY OR NOT leschte Mëttwoch am Kino gesinn hunn. Firwat? Ma well se mech zum Laache bruecht hunn, sou haart a sou debil wéi scho laang net méi. Mat engem Grujelfilm! Mat enger vergëfte Libeserklärung un all déi sténkräich Amerikaner, déi dem Donald Trump a senge Komplizen zënter 2016 Zocker an den Hënner erablosen, well se erkannt hunn, datt hir onméiglech Präsidentemarionett si ëmmer méi räich mécht, an déi Aarm ëmmer méi an den Eck dréckt. Datt vill vun deenen Aarmen deem orange Clown nach ëmmer nolafe wéi eng Grupp vu Lemmingen ass allerdéngs eppes, wat ech net verstinn. Et sief, well wéi sot schonn den däitsche Poet: “Jeder ist seines Unglückes Schmied”.

Zum Film. D’Grace (Samara Weaving) ass eng schéi jonk Fra, déi fir d’éischt an hirem Liewe Gléck hat. Si, déi hir richteg Elteren ni kannt huet a vu frieme Leit opgezu gouf, steet haut virum Altor mam Alex (Adam Brody), ee vun den Ierwe vun der steeräicher Famill Le Domas, déi hir onmoosseg Fortune mam Verkaf vu Gesellschaftsspiller gemaach hunn. De Clan vun de Le Domas ass total versnobt, behëlt sech och deementspriechend a verschiddener vun hinnen hunn eng zimlech mat der Broutschéiss. De Papp Tony (Henry Czerny) an d’Tatta Helen sinn och guer net frou driwwer, dat de Bouf eng Fra ugeschleeft huet, déi sou guer net an hire Milieu erapasst.

Mä bon, elo sinn déi Zwee bestuet, an et muss ee wuel oder iwwel mat der bäigepraffter Schnauer liewen. Muss een? Quetschen och. Eng ural Familljentraditioun wëll, datt d’Braut um 12 Auer an hirer Hochzäitsnuecht e Gesellschaftsspill spille muss, dat den Zoufall fir si eraussicht. Dat kéint Millche sinn, oder “Mensch ärgere dich nicht”, oder “Monopoly”. D’Grace zitt Kaart “Hide an Seek”, op Lëtzebuergesch “Stoppches”. Hatt muss sech am Haus verstoppen, an d’ganz Famill soll dann no him sichen. Wat et net weess, ass, datt d’Famill hir Waffen aus der Waffekummer erausgeholl huet a reegelrecht Juegd op déi jonk Braut mécht, fir et ëm den Eck ze bréngen. Well d’Legend wëll, datt wann “d’Wëld” net bis Sonnenopgank erluecht ass, de Rescht vun der Famill d’Bach ageet. Dem Grace säi frëschgebaakte Mann ass net grad begeeschtert vun der Saach, mä Traditioun ass Traditioun. A lass, sot déi Al! Wat duerno geschitt, geet op keng Kouhaut. Well wann d’Grace bis verstanen huet, datt et him un de Kolli soll goen, wiert et sech mat alle Mëttelen, déi him zur Verfügung stinn. An de Koup Läiche gëtt ëmmer méi grouss, déi meescht vun hinne landen an der Piffkaul!

Wann ee schwaarzen Humor gär huet a selwer och eng kleng mat der Broutschéiss huet, da féiert kee Wee laanscht dëse frivolen an hirnverbrannte Film, bei deem ech mech ameséiert hu wéi e klengt Kand. Am READY OR NOT gi sämtlech Klischeeë vum Horrorfilm a vum räichen Amerikaner op d’Spëtz gedriwwen, hir Macke ginn amplifiéiert an et fillt ee sech (oh Gott) richteg wuel, wann déi Sauband endlech eent fënnt, dat hinnen de Bass hale kann. Vläicht kann een dat Ganzt jo wierklech als Allegorie op d’amerikanesch Wale vun 2020 verstoen, wou all hallefweegs normale Mënsch op der ganzer Welt hofft, datt et dem Trump a sengen Akolythen d’selwecht geet, wéi deenen Eefalten am Film. Beméie mer nach eng keng Kéier den däitsche Poet: “Die Hoffnung stirbt zuletzt”.

Wéi gesot, et muss ee scho selwer en Eck ewech hunn, fir sech op dës Grujelkomedie anzeloossen a se a vollen Zich ze genéissen. Wann der kee Blutt kënnt gesinn oder wann der léiwer ganz kitscheg Hochzäitsromantik am Kino gesitt, da bleift vu READY OR NOT ewech. Wann allerdéngs är zukünfteg Schnauer oder ären zukünftegen Eedem Iech net gefält, da kënnt der hei nach eppes léieren…

Jemp Thilges