Eng drëtte Kéier beschützt de Geheimdéngscht-Agent Mike Banning den US-amerikanesche President op groussem Ecran.

Eng drëtte Kéier mécht de Mike Banning dat, wat hien am Beschte kann: Dem President vun de Vereenegte Staate vun Amerika d'Liewe retten. Ganz ouni Komplikatioune verleeft d'Rettungsaktioun awer och dës Kéier net. De Geheimdéngscht-Agent geréit an de Verdacht, de ganze Manöver selwer ugestiwwelt ze hunn.

Him bleift just een Auswee: Beweisen, datt hien onschëlleg ass. Dobäi kritt hien onerwaarten Hëllef vu sengem Papp, gespillt vum Nick Nolte.

Déi Papp-Jong-Zeene si sécher dat Bescht, wat de Film „Angel has fallen" ze bidden huet. Den Nick Nolte passt perfekt bei d'Roll vum granzegen, awer gutt ausstafféierte Waldschrat.

„Angel has fallen" reit sech ouni grouss Problemer an d'Trilogie vun der Fallen-Saga an: De Plot ass kloer an et huet een d'Impressioun, datt de Realisateur eng ganz Lëscht vun amerikanesche Film-Klischeeë viru sech hat a genee opgepasst huet, datt hien och keen dovunner ausloosse géing. En Actionfilm fir all d'Fanne vum Mike Banning.