Eng vun de ville Lëtzebuerger Koproduktiounen, déi dëst Joer zu Cannes dobäi war, leeft elo bei eis am Kino.

Den Animatiouns-Film "Les hirondelles de Kaboul" gouf vu Melusine Films co-produzéiert. Si hunn an de leschte Joren duerch eng etlech beandrockend Animatiouns-Filmer op sech opmierksam gemaach. A si konnte sech dann och virun 10 Deeg freeën, wéi "Les hirondelles de Kaboul" zu Angoulème gläich 2 Präisser konnt mat heem huelen.

Kaboul 1998, Afghanistan ass fest an den Hänn vun den Taliban – an dach liewen de Mohsen an d’Zunaira wéinstens bei sech an de 4 Wänn relativ gléklech. Déi jonk Koppel ass verléift – e Gléck wat dem Talibanregime sauer eropstéisst.

© RTL Télé Lëtzebuerg

"Les hirondelles de Kaboul" weist Brutalitéit vum Talibanregime, weist wéi Fraen a Männer wéi Véi behandelt ginn. Eng Brutalitéit, déi awer doduerch, datt et en Animatiounsfilm ass, éischter ugedeit wéi explizit ausgeschluecht gëtt. A genee dat mécht d'Lëtzebuerger Co-Produktioun esou spannend: eng scho bal poetesch Formsprooch mat zaarter Aquarelltechnik a gekonntem Spill mat der Luucht, déi eng onbaarmhäerzeg Realitéit beschreiwen. De Kontrast tëschent Form an Inhalt kéint net méi grouss sinn.

© RTL Télé Lëtzebuerg

"Les hirondelles de Kaboul" baséieren um Buch mam nämmlechten Titel vum Algerier Yasmina Khadra. Am Mëttelpunkt stinn 2 Koppelen an d’Kraaft vun der Léift och oder besonnesch an onmënschlechen Zäiten. An eemol méi gëtt kloer, datt Animatiounsfilmer net exklusiv fir Kanner geduecht sinn, mä wéi bei dësem Film duerchaus een erwuessene Publikum uspriechen.