Um Film Festival vu Cannes vun dësem Joer huet mat “Parasite” e Süd-koreanescht Wierk déi renomméiert gëlle Palme gewonnen.

Eng Famill ouni e Su, déi an engem Keller haust, profitéiert vun der Naivitéit vun enger räicher Famill an deem si sech op clever an hannerhälteg Manéier béi hinnen aschleist, fir sech e bessert liewen ze erméiglechen. Et dauert deemno net laang, bis souwuel d’Elteren, wéi och déi zwee Kanner si alleguerten am Stot fir eng gutt Pai agestallt sinn. Ma si sinn awer net déi eenzeg, déi versichen a schwéieren Zäiten z’iwwerliewen.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Parasite bréngt et fäerdeg, op verspillte Manéier déi sozial Ongerechtegkeeten ze veruerteelen an déi aktuell Weltuerdnung a Fro ze stellen. Et ass eng fantastesch Mëschung aus Comédie an Thriller, an hei suergen eng virtuos Kameraféierung, genee wéi genësslech Dialogen, a genial Schauspiller fir eng gutt Portioun Spannung an eng grouss Palette vun Emotiounen.

Parasit vum Cineaste Bong Joon-ho ass e modernt Meeschterwierk, dat senges Gläiches sicht. Genee wéi bei senge viregte Filmer wéi den Thriller « Memories of Murder » oder de Science Fiction Film « Snowpiercer » suergt de Süd-Koreanesche Realisateur fir intelligent Ënnerhalung, déi ëmsou méi zäitgenëssesch an universell ass. Et ass an de Wierder vum Bong Joon-ho eng Comédie ouni Clown, an eng Tragedie ouni Béisen. Parasite ass eng ganz staark Palme d’or fir e populären a sozial engagéierte Film, en Tour de Force, dee seng Zäit an d’Kinosgeschicht wäert markéieren.