Selbstverständlech huet de Kino-Spinoff vun der erfollegräicher britescher TV-Serie DOWNTON ABBEY absolut näischt mam aktuelle Brexit-Trauerspill déi aner Säit vum Kanal ze dinn. Mä et ass méi wéi e glécklechen Zoufall, datt de Film just dee Moment an de Kino kënnt, wou am englesche Parlament déi iwwerspëtzt nationalistesch Torien an déi méi normal-konservativ Torien sech d’Käpp aschloe wéi d'Dëppegéisser vu Portobello Road. D’Leit déi - wéi ech och -  sech 6 Saisone vun der ITV-Serie eragezunn hunn, kënne sech natierlech ganz gutt virstellen, datt déi selwecht ideologesch Schluechten, déi momentan a Groussbritannien geschloe ginn, sech och genee esou am Härenhaus vum Lord of Grantham an der Famill Crawley géifen ofspillen, wann DOWNTON ABBEY haut nach géif existéieren. D’Famill selwer (upstairs) wier - ausser dem bäigeprafften Tom Branson aus Irland vläicht - méi wéi sécher op der Säit vum Boris Johnson an deem arrogante Rees-Mogg, wärend déi am Keller (downstairs) - Mrs. Patmore, Daisy, Mr. Carson a wéi se all heeschen dach éischter fir e Remain an Europa stëmme géifen…woubäi ech mer beim Mr.Carson trotzdeem net sou sécher sinn.

Mä egal, momentan si mer am Joer 1927. Op Downton Abbey schelle sämtlech Alarmklacken, well de Kinnek George V a seng Fra d’Queen Mary hunn hire Besuch fir een Dag an eng Nuecht beim Lord of Grantham a senger Famill ugekënnegt. Dat ass natierlech net nëmmen eng grouss Éier, mä et bedeit och Tonne Stress, virun allem fir d’Déngschtpersonal am Keller, datt sech awer och freet, fir hir Majestéite kënnen ze bedéngen. Allerdéngs ass et séier eriwwer mat der Euphorie, wéi sech erausstellt, datt de Buckingham Palace eegent Personal a souguer en eegene (franséischen ergo arroganten) Kach op d’Plaz delegéiert an domat dem Lord Grantham seng Leit an den Eck dréckt an zu Statisten degradéiert. Allerdéngs loossen déi sech net sou séier ausschalten, well se hunn eng Iddi fir déi verstëbste Konkurrenz vu London auszeschalten.

Geschriwwe gouf de Kinosfilm DOWNTON ABBEY, grad sou wéi d’TV-Serie vum Auteur Julian Fellowes, deen et alt nees eng Kéier lafe léisst, warscheinlech eng leschte Kéier, well de Schluss vum Film deit drop hin, datt elo Schluss ass. Encore que…D’ganz Band vun Upstairs an Downstairs ass nees um Dill a souguer déi, di an der Pensioun sinn, loosse sech et net huelen, fir derbäi ze sinn, wann d’Personal deene vu London weist, wou de lokale Bock d’Lach huet. Wéi ëmmer sinn et déi aus dem Keller, déi di beschten Zeenen hunn a bei deenen et och eppes ze laache gëtt. Uewenop geet et wéi ëmmer eng Grimmel méi ziviliséiert zou, konservativ eben, och wann d’Violet Crawley, Dowager Countess of Grantham (Maggie Smith, absolut herrlech wéi ëmmer) alt nees derbäi ass, Intrigen ze spannen an d’Leit mat hirem stack-englesche Sarkasmus aus der Fassong bréngt. D’Maggie Smith ass a bleift en “national treasure” vum englesche Kino an der englescher Bühn an, eleng wéinst hir, ass de Film eng absolut Mussesaach, ausser et huet een nach ni eppes vun der Serie héieren, wat et jo och soll ginn.

Vum Filmeschen hier ass DOWNTON ABBEY – THE MOVIE net aussergewéinlech, ausser datt een déi wonnerbar Dekoren, Kostümer a Naturbiller elo am Cinemascope um ganz groussen Ecran bewonnere kann. An der éischter Rei ass et besonnesch spektakulär, wann d’Kamera am Ufank vum Film op dat aalt Gemaier zoufiert an déi bekannt-schmalzeg Musek vum John Lunn de Spectateur an déi richteg royalistesch-konservativ Stëmmung versetzt. Mä et sinn déi kleng an déi méi grouss Geschichten, Intrigen a Spiichten am Film, déi de Charme vun der Entreprise ausmaachen, dat Ganzt geet erof wéi Waasser, respektiv wéi eng Coupe Veuve Cliquot. Wärend am Sall niewendrun de Sylvester Stallone Bierger vu Läichen hannerléisst, leeft d’Waasser op DOWNTON ABBEY wéi üblech de Bierg erof, sou wéi et soll sinn. A wann der de Kino trotzdeem mat enger Tréin am A verloosst, dann ass dat sécher dem Maggie Smith hir Schold. Maggie, sniff!

Jemp Thilges