Dës Woch ass an de Kinoen e ganz originelle brasilianesche Western erauskomm deen um leschte Film Festival vu Cannes de Jury’s Präis gewonnen huet. De Film heescht Bacurau, genee wéi Duerf an deem e sech ofspillt.

BACURAU ass e klengt Duerf a Brasilien, an deem d’Awunner sech an enger noer Zukunft musse fir d'Waasserversuergung asetzen a géint korrupt Politiker wieren. Nom Doud vun der spiritueller Mamm vun dëser Gemeinschaft, fënnt d'Communautéit eraus, datt hiert Duerf net méi op der Weltkaart existéiert an datt si riskéieren Affer vun der Mondialisatioun ze ginn, nodeems eng Band vu bewaffenten Amerikaner si aus Spaass un der Juegd attackéieren.   De Film vum Kleber Mendonça Filho a Juliano Dornelles ass zu engem gudden Deel e Western, dee vun epesche Biller ënnermoolt gëtt an dee sech vum Mythos vun de Cangaçeiro Banditten inspiréiert. Eng Legend aus dem Enn vum 19. an Ufank vum 20. Joerhonnert an där déi aarm Baueren sech géint Groussgrondbesëtzer am brasilianeschen Nordeste agesat hunn.

De villschichtege Bacurau, deen e reegelrechten Hommage un dem John Carpenter seng Filmer ass, ass spannend a vollgepaakt mat Action, déi no a no ëmmer méi bluddeg a skurril gëtt. Am leschten Akt hin verfällt dëse satireschen a gesellschaftskritesche Genrefilm op gewollten a gezielte Manéier ëmmer méi an dat Groteskt, fir mat engem ganz staarke Schluss de Spectateur nees a säi Bann ze zéien. Dës brasilianesch Produktioun gouf deemno verdéngter Wéis um leschte Film Festival vu Cannes mam Prix du Jury ausgezeechent.