Knapps nodeem déi éischt Kritiken um Festival vu Venedeg an Toronto erauskoumen, a gläich nodeem den JOKER zu Venedeg de Gëllene Léiwe gewonnen hat, koum et an Amerika zu Polemiken am Sënn vun: “Brauche mer wierklech schonn nees e Film, an deem dat Béist an d’Gewalt glorifizéiert ginn". Selbstverständlech huet kaum een de Massaker an engem Kino zu Aurora am Colorado vergiess, wou THE DARK KNIGHT gelaf ass, a wou den 20. Juli 2012 en Amokleefer 12 Leit erschoss an 58 Leit zum Deel schwéier verletzt huet. Eltere vun deenen, déi deemools ëm d’Liewe koumen, veruerteelen e Film am Viraus, dee se nach net gesinn hunn, well se der Meenung sinn, datt eng Korrelatioun tëscht der Violence um groussen Ecran an deene sëllechen Amokleef besteet, déi Woch fir Woch déi amerikanesch Noriichte bestëmmen. Déi selwecht Filmer lafen och an anere Länner, wou ganz seelen oder ni sou Saache virkommen, mä well et an Amerika méi einfach ass, sech déi schlëmmste Waffen ze beschafe wéi Knder-Iwwerraschungseeër, ass et kee Wonner, datt et ëmmer nees an ëmmer méi deier Massaker gëtt. An amplaz endlech eppes géint de Waffeverkaf ze maachen, schëdden och d’Wäisst Haus a säi Chef-Joker nach Ueleg op Feier a weise mam Fanger op Hollywood, amplaz der NRA an der Waffenindustrie d’Handwierk ze leeën.

Jo, JOKER ass e brutale Film. Mä et ass och e Film, deen d’Originne vun der Gewalt weist, deen d’Gewalt uprangert, se net stiliséiert, awer se zu kengem Moment entschëllegt oder hiren Impakt minimaliséiert. De Joker (Joaquin Phoenix) ass d’Produkt vun enger (hei amerikanescher) Gesellschaft, déi en “Aneschtsinn” net akzeptéiert an et, am Géigendeel, stigmatiséiert a perfid driwwer laacht, amplaz Empathie ze weisen. Et steet ausser Fro, datt den Arthur Fleck psychesch krank ass. Hien, dee säi Liewe laang als eng Aart “Stoussnéckel” behandelt gouf, an dee sech doheem ganz eleng ëm eng labil a possessiv Mamm këmmere muss, huet d’Ambitioun, als Clown an als Stand-Up-Comedian Carrière ze maachen. An hien dreemt dervun, a senger Liiblingstalkshow mam Murray Franklin (Robert de Niro) opzetrieden. Well den Arthur Asperger huet an oft haart laacht an onkontrolléiert Beweegunge mécht, gëtt hien ëmmer nees verspott a souguer physesch ugegraff. Kee Wonner, datt dat Spuren hannerléisst an hie sech ëmmer méi iwwert d’Gewalt an eng Parallelwelt rett, wou hien Här a Meeschter ass, an déi Leit, déi hie ëmmer nees péngegen, zur Rechenschaft zitt.

JOKER ass – no all deene Superheldefilmer, déi ganz vill Action a guer keng Substanz bidde – e Film, oder besser, e kranke Film, dee ganz fest an der Realitéit vum Donald Trump sengem Amerika verankert ass, och wann dat Ganzt an der fiktiver Stad vu Gotham City iwwer d’Bühn geet. Déi politesch Korruptioun an déi gesellschaftlech Gläichgëltegkeet vis-à-vis vun allem wat “friem” ass, schwiewe wéi d’Geier iwwert engem Film, deen net nëmmen eng “Descente aux enfers” vun hirem Antiheld erzielt, mä och d’Implosioun vun enger Gesellschaft, déi sämtlech humanistesch Wäerter verluer huet. Den Arthur Fleck ass manner no beim Hitchcock sengem psychopatheschen Norman Bates (aus “Psycho”) wéi beim Martin Scorsese sengem Vietnamveteran, Taxi-Chauffeur a Vigilante Travis Bickle (aus “Taxi Driver”). Iwwerhaapt schwieft de Martin Scorsese iwwer dem Joker-Film, well et hei och eng Hellewull Referenzen op “The King of Comedy” (mam Robert de Niro an dem Jerry Lewis) ginn. De Regisseur Todd Phillips, dee bis elo virun allem debil Komedie wéi “The Hangover” gedréint huet, lieft hei reegelrecht op a liwwert eng fundéiert psychologesch Studie of, wéi den amerikanesche Kino se nëmme ganz seele fäerdeg bréngt. Et ass deemno keen Zoufall, datt de Jury zu Venedeg dat och sou gesinn huet an dem Film hiren Haaptpräis ginn hunn.

De JOKER gouf an der Zäit scho vun anere memorabele Schauspiller gespillt – vum Cesar Romero (op der Tëlee) iwwer den Jack Nicholson (beim Tim Burton) bis bei den Heath Ledger (fir de Christopher Nolan). Bis elo gouf den Heath Ledger als ultimative Joker gesinn, mä de Joaquin Phoenix leet nach eng Schëpp bäi. Hien huet eng sëlleche Kilo ofgeholl, fir d’Roll ze spillen a war bei den Dréiaarbechte munchmol sou schwaach, dat hien eng Zeen net méi wéi emol spille konnt. Gläich vun Ufank vum Film un vergësst een, datt hei e Schauspiller eng Roll spillt, den Joker gëtt dank dem Talent an dem physeschen Asaz vum Joaquin Phoenix virun eisen Ae gebuer a fänkt seng diabolesch Rees an d’Hell un. Méi spektakulär, realistesch a gläichzäiteg total iwwerdréint kann een esou eng Roll net spillen. Engem Oscar dierft eigentlech näischt am Wee stoen, ausser d’Vox Populi an Amerika géif decidéieren, den JOKER um Altor vun der politescher Korrektheet ze verbrennen. Et wier net déi éischte Kéier.

Jemp Thilges