Um leschte Film Festival vu Cannes huet de franséische Film "Portrait de la jeune fille en feu" de Präis vum beschten Zeenario gewonnen. Dësen historeschen Drama, dee sech am 18. Joerhonnert ofspillt, lieft awer och vu senge fantastesche Schauspillerinnen, ugefouert vum Adèle Haenel.

Am Joer 1770 soll d’Marianne, eng begaabte Molerin, de Portrait vun enger jonker Fra maachen, déi an nächster Zäit muss bestuet ginn. D’Bild soll dann och dem zukünftegem Mann eng éischt Impressioun vu senger Fra ginn. Well déi jonk Héloïse awer net wëll un e Mann versprach a verschenkt ginn, refuséiert si, fir de Portrait ze poséieren. Tëschent der Molerin an dem Model wäert sech no a no eng Relatioun installéieren, déi ëmmer méi intim gëtt.

Déi franséisch Zeenaristin a Realisatrice Céline Sciamma, déi sech mat Filmer wéi "Naissance des pieuvres" an "Tomboy" en Numm gemaach huet, ass mat dësem historeschen Drama e sensibelen an terribel staarke Portrait vun der Fra a vun der Léift gelongen. Wann der Sciamma hir Approche op den éischte Bléck immens konventionell schéngt, sou ass de "Portrait de la jeune fille en feu" vun enger onwahrscheinlecher ästhetescher Präzisioun ugedriwwen.

Déi zwee Haaptpersonnagen, déi vun de fantasteschen Adèle Haenel an dem Noémie Merlant gespillt ginn, komme sech souwuel op rational, emotional wéi op physesch Manéier ëmmer méi no, an dem Céline Sciamma geléngt et och dëse Rapprochement a senge Biller ze veréiwegen.

"Portrait de la jeune fille en feu", ass net nëmmen en engagéierten an emanzipéierten Drama, deen ëmsou méi zäitgenëssesch ass, ma et ass virun allem eng immens emotional an tragesch Libesgeschicht.

De perfekte Film, oder dat perfekt Konschtwierk, gëtt et u sech jo net … ma dësen historeschen Drama ass an allen Hisiichte ganz no, un deem wat Perfektioun kéint sinn.