Mat Ausnam vläicht vu sengem INCREDIBLE HULK (2003) war den taiwanesche Regisseur Ang Lee bis elo net onbedéngt e Mann, fir dat méi Grafft am Kino. Mat Filmer wéi EAT DRINK MAN WOMAN, SENSE AND SENSIBILITY, CROUCHING TIGER, HIDDEN DRAGON, BROKEBACK MOUNTAIN, LUST, CAUTION oder LIFE OF PI huet hien et ëmmer fäerdeg bruecht, Subtilitéit a Fangerspëtzegefill mat iwwerzeegenden Inzenéierungen ze verbannen. Säi Film BILLY LYNN’S LONGTIME HALFTIME WALK, deen hien 2016 gedréint huet an deen, souwäit ech weess, ni zu Lëtzebuerg gewise gouf, huet e sech allerdéngs e kolossale Flopp geleescht. Deemno ass et vläicht ze verstoen, datt hie mat GEMINI MAN wollt op d’Nummer sécher goen an e Box-Office-Erfolleg zwaffen, fir nees op d’Been ze kommen. Dobäi ass allerdéngs e Film erauskomm, dee sech net wesentlech vun anerem, rezenten Actionfilmer ofhieft – och wa seng “Patten” als Regisseur ëmmer nach onverkennbar ass. Op dat mam Succès klappt gesi mer dann an den nächsten Deeg a Wochen…

GEMINI MAN deemno: Den Henry Brogan huet 51 Joer an hie verdéngt säi Brout schonn zënter bal 30 Joer als Opdragskiller, deen am Numm vum amerikanesche Geheimdéngscht “Béiser” ëm den Eck bréngt. No engem neien Job, dee bal schif goung, huet en decidéiert d’Gewier un de Nol ze hänken an a Pensioun ze goen. Och well dat éiwegt “Gekills” him méi a méi oft op d’Gemitt schléit. Mä seng Virgesetzte gesinn dat net sou a wëllen hien ausschalten, well een net sou einfach vum Geheimdéngscht lasskënnt. Et gëtt e jonke Killer op den Henry ugesat, deen anscheinend alles iwwert hie weess an deen ëmmer genee um Lafenden ass, wou säi potentiellt Affer sech grad ophält. Et stellt sech dann och séier eraus, datt e Klon vum Henry hannert him hier ass – dat heescht sou vill, wéi datt hien op sech selwer Juegd mécht – allerdéngs an engem Kierper, deen 30 Joer méi jonk ass…

GEMINI MAN ass also e Science-Fiction-Film, deen an der noer Zukunft spillt an deen een deemno net onbedéngt optimistesch stëmmt, wann een all dat kuckt, wat d’Wëssenschaftler op eis lassloosse wëllen. Natierlech ass et méi rationell (an hirer Optik an och an der Optik vun der Politik) fir Klone Krich féieren ze loossen amplaz “richteg” Mënschen aus Fleesch a Blutt, mä wann déi “Terminatoren” awer op richteg Mënsche lassgelooss ginn, ass et net méi sou witzeg. An et ass genee dat, wat dem Henry blitt.

De Will Smith, deen den Henry spillt, spillt natierlech och säi Klon…an dat ass un a fir sech deen interessantsten Aspekt vun engem Film, dee soss eigentlech en zimlech konventionellen Actionfilm ass – och wann op d'mannst keng Superhelden am Spill sinn. Déi Technologie, déi gebraucht gouf, fir de Will Smith 30 Joer méi jonk ze maachen, nennt een “de-ageing” an se ass mëttlerweil esou ausgeräift, datt engem de Mond opstoe bleift, wann de Smith mat sech als jonke Mann schwätzt a mat sech selwer kämpft.  Dës Technik gouf och am neie Film vum Martin Scorsese, THE IRISHMAN ugewannt, deen am November op Netflix erauskënnt. Se kascht zwar extreme vill Mënz, mä se ass spektakulär. Fir de Rescht mécht den Ang Lee säin Job als Regisseur, net méi an net wéineger, an och wa versicht gëtt, zum Schluss eng Grimmel Philosophie an dat Ganzt eranzebréngen, kann een net wierklech vun enger Reussite schwätzen.  Kommerziell kéint d’Rechnung opgeet, ma wat dat Kënschtlerescht betrëfft, musse mer wuel op säin nächste Film waarden.