Fir säi Buch « Au Revoir Là-Haut » krut de Schrëftsteller Pierre Lemaitre de renomméierte Prix Goncourt am Joer 2013 iwwerreecht.

D’Verfilmung vun deem Buch konnt net manner wéi 5 Césaren am Joer 2018 gewannen. E Succès, deen den Auteur an Zeenarist mat « Trois Jours et une vie » nees wollt widderhuelen. An dëser neier Kinosadaptioun vun engem Roman vum Lemaitre aus dem Joer 2017 dréit alles sech em d’Verschwanne vun engem Kand an enger klenger Belscher Uertschaft.

D’Chrëschtdeeg am Joer 1999 zu Olloy an de belschen Ardennen. E Bouf vu 6 an halleft Joer verschwënnt op mysteriéis Manéier. Dat ganzt Duerf ass betraff a sicht nom klenge Jong. Ënnert hinnen, den 12 Joer alen Antoine, deen eleng mat senger Mamm lieft an deen e grousst Geheimnis a sech erafrësst, bis d’Schicksal all seng Problemer an engem Coup ewechbléist. Ma d’Vergaangenheet léisst sech net sou einfach vergiessen.

"Trois Jours et une Vie" ass en atypesche psychologesche Krimi, an deem d’Gesellschaft vun engem klengen Duerf ënnert d’Lupp geholl gëtt. En Duerf an deem jiddereen dat mécht, wat e kann. A kengem Moment geet et hei drëms, e Schëllegen ze sichen, oder e Béisen auszemaachen.

Ganz am Géigendeel versicht dës Verfilmung vum Pierre Lemaitre sengem passionante Buch de Portrait vun engem onschëllege Schëllegen ze maachen. Duerch seng atypesch binär Erzielstruktur an engem laangen Expositiounsdeel geléngt et dem Realisateur Nicolas Boukhrief, de Spectateur a säi Bann ze zéien an senge Protagonisten eng psychologesch a moralesch Déift ze ginn.

D’Schauspiller ëm d’Sandrine Bonnaire an en exzellenten Philippe Torreton maachen aus dësem Krimi e sensibelen a subtille Film, dee bis zur leschter Sekonn extrem maitriséiert ass.