Wat geschitt wa fréier Stripperinne Wall-Street-Bossen K.O.-Drëpsen administréieren, weist „Hustlers“, deen am Moment bei eis am Kino leeft.

De Film vun der Lorene Scafaria baséiert op enger wourer Geschicht an hëlt eis mat an d'Nuetsliewe vun New York. An der Haaptroll d'Jennifer Lopez, där hir Performance, wéi verschidde Kritiker mengen, oscarräif ass.

D’Ramona gespillt vum Jennifer Lopez weist dem Destinity wéi ee sech am beschte bewee,gt fir datt Männer am Nightclub méiglechst vill Dollaren op d’Bühn geheien. Déi 2 sinn ee perfekt Team bis 2008 mat der Finanzkris Clienten ausbleiwen. Déi zwou Frae brauchen en neie Plang fir u Suen, vill Suen ze kommen. Ideaalt Zil sinn d‘Wall-Street-Bossen, déi d’Land an d‘Kris gefouert hunn.

© RTL Télé Lëtzebuerg

„Hustlers“ weist wéi d’Stripperinnen déi emoustilléiert Männer schachmatt setzen an hir Kredit-Kaarte strëppen. Mat esou vill Erfolleg, dat déi meescht Männer erëm kommen. Mat hirem Film hannerfreet d‘Regisseurin kloer den neo-liberale System an Amerika, wou Suen maachen Tromp ass. Bewosst setzt si staark Fraen an Zeen, déi hiert Schicksal selwer an d’Hand huelen, och wa se zu genee esou dubiéise Methode gräifen, wéi hir Affer dat am Finanzsecteur gemaach hunn.

Jennifer Lopez ass perfekt an der Roll vun der Leaderin Ramona: hir Frëndschaft mam Destiny, gespillt vum Constance Wu, ass den Dréi-an Aangelpunkt vum Film. Sécher kee feministesch Film, wéi munch amerikanesch Kritiker mengen, mee e Film, deen d’Solidaritéit zwësche Fraen an de Vierdergrond stellt a se net als Affer weist. Hollywood-Kino mat enger Jennifer Lopez an Topp-Form.

© RTL Télé Lëtzebuerg