Wann an der selwechter Woch en neien Terminator an e Film iwwer d’Betreiung vun autistesche Patienten an eise Kinoen uleeft, kann ee sech jo virstellen, a wat fir eng Virstellungen d’Leit fir d’éischt rennen. Wéi Dir Iech virstelle kënnt, hunn ech mech net op dem "Unhold Schinkenhäger" seng neisten Abenteuer gestierzt, mä hunn dee Film erausgesicht, deen et wierklech verdéngt, datt een e kucke geet – well den Terminator leeft Iech soubal net fort. D’Nimm vun den zwee Regisseure – Olivier Nakache an Eric Toledano – soen Iech vläicht net vill, mä wann ech Iech un „Intouchables“ an hir bal 20 Milliounen Entréeën a Frankräich erënneren, da wësst der vu wiem ech schwätzen.

Am HORS NORMES geet et ëm d’Betreiung – Dag an Nuecht – vu jugendlechen Autisten, deenen hir Behënnerung iwwer dat erausgeet, fir wat déi "normal" Opfankstrukture betreie kënnen. Hei geet et virun allem ëm Fäll, wou d’Patiente 24 Stonnen op 24 Stonnen iwwerwaacht musse ginn, well se fir sech an och fir anerer eng Gefor sinn. Verschiddener vun hinne sinn zum Beispill extrem gewalttäteg. D’Associatiounen, ëm déi et am Film geet, ginn et tatsächlech an et sinn och d’Geschichte vun zwee sou Betreier, dem Bruno an dem Malik, déi erzielt ginn. Dës Strukture betreien net nëmme Patienten, si forméieren och jonk Leit, oft aus aarme Verhältnesser, am Beruff vum Moniteur a Krankebetreier. Wann d’Spideeler oder aner Sanatorien hiren Hänn kee Rot méi wëssen, gëtt ëmmer nees ee wéi de Bruno kontaktéiert, fir déi ganz krass Patienten ënnerzebréngen an ze betreien. Deen huet allerdéngs weder d’Plaz nach déi finanziell Mëttel, fir jiddereen ënnerzebréngen, mä e ka ganz einfach net nee soen: „Je ferai de mon mieux, Madame“. Hir Strukture ginn zwar extrem sollicitéiert, awer net am selwechte Mooss vun den Autoritéiten ënnerstëtzt – am Contraire, et ginn hinne souguer eng Hellewull administrativ Steng an de Wee geluecht.

Wann een dat hei elo liest, da kéint ee mengen, HORS NORMES wier en dréchenen an depriméierende Film, mä do läit ee komplett falsch. Mat der Komplizitéit vun zwee genialen Haaptduersteller, dem Vincent Cassel an dem Reda Kateb, enger Rei vu wierklech gudden
Niewenduersteller a virun allem och vu Patienten, déi matspillen, an natierlech engem gudden Dréibuch, geléngt et den zwee Regisseuren, eis op der enger Säit, déi batterbéis an urgent Problematik méi no ze bréngen, an op der anerer Säit eis och op eng ironesch-humorvoll Manéier
d’Schicksal an den Alldag vun all deene Leit, Betreier a Patienten ze erzielen.

HORS NORMES ass en enorm wichtege Film, dee menger Meenung no souguer sollt vun der  Krankekeess erëmbezuelt ginn. E Film, dee sech op eng angenehm Aart a Weis vun all deem ofhieft, wat eis momentan als Ënnerhalung am Kino verkaf gëtt.

Jemp Thilges