England, haut, virum Brexit. Newcastle. De Rick Turner wunnt mat senger Fra Abbie, sengem Jong Seb, dee schonn eng Grimmel méi al ass, a senger jonker Duechter Lisa an enger vill ze klenger Wunneng. D’Abbie schafft sech all Dag dout als Krankefleegerin, an de Rick huet bis elo a sengem liewen esou zimlech alles gemaach, wat een als Aarbechter schaffe kann. Fir en eegent Haus, vun deem d’Famill dreemt, ass et bis elo nach ni duergaangen. Fir méi ze verdéngen, engagéiert de Rick sech an enger Transportfirma, déi Päck fir Amazon, Apple a Co verdeelen. Hien huet do awer kee Kontrakt, hie muss alles op seng eege Käschte maachen – souguer d’Camionnette muss e selwer finanzéieren. All Dag, vu méindes bis samschdes, muss hie 14 Stonne laang an engem diabolesche Rhythmus ausféieren, fir d’Ziler, déi d’Firma him virgëtt, iwwerhaapt kënnen ze erreechen. Krank ginn, geet och net sou einfach, fir déi Deeg muss hien op eege Käschten en Ersatzchauffer fannen, dee seng Tournée iwwerhëlt. An et kënnt, wéi et komme muss, d’Mamm ass quasi ni doheem, de Papp nach manner... d’Familljeliewe geet d’Bach an... a finanziell geet et – och wéinst dem Prêt fir de Camion – keng Grëtz besser ...

De Ken Loach ass e Cineast, deen zanter jee kee Blat viru seng Kamera hëlt. Eigentlech wollt hien no „I, Daniel Blake“ seng Vitriolkamera un den Nol hänken, mä vu datt et an England ënner der Tory-Regierung fir d’Aarbechter vu Joer zu Joer nach méi schlecht geet, huet een et mat „Sorry, we missed you“ nach eng Kéier probéiert. An eent kann ech Iech vu vir era soen, och hei hëlt de Loach keng Gefaangener, hie geet hannert de System wéi e Wëllen. Bei sengem Film muss een als Spectateur, deen an engem Land wéi Lëtzebuerg lieft, méi wéi eemol schlécken, wann ee gesäit, wéi déi Säit vum Channel mat de Leit ëmgespronge gëtt. Souwuel d’Abbie wéi och de Rick hunn Aarbechten, déi alles vun hinne verlaangen, bei där een oft humiliéiert gëtt ...a wou d’Pai op kee Fall dem onermiddlechen Asaz gerecht gëtt.

Den Auteur vum Dréibuch, Paul Laverty, an de Ken Loach hunn am Virfeld vum Film mat enger ganzer Rëtsch Leit geschwat, déi fir Transportgesellschafte schaffen. Dës Leit wollte selbstverständlech anonym bleiwen, fir sech net och nach mat Repressalie vun hire Patronen erëmzeklappen. An enger Aarbechtswelt, wou „d’Uberisatioun“ ëmmer méi u Wichtegkeet gewënnt, a wou d’Patrone méi a méi d’Responsabilitéit un hir Aarbechter iwwerdroen, a selwer just nach Sklavenhändler sinn, gëtt et fir de klenge mann näischt méi ze gewannen. Si lafen all Dag wéi den Hamster a sengem Rad ... a maache sech dobäi vreckt. An et kann ee sech virstellen, datt et an England nom Brexit net besser gëtt, well dann e ganze Koup europäesch Reegele fir den Aarbechterschutz d’Bach aginn.

U sech profitéiere mir jo alleguer vun enger Branche (Transport, Ausliwwerung vu Päck) an där dee Patron, deen am Bëllegsten ass (firwat e bëlleg ass, gesi mer am Film) déi deck Opträg vun Apple, Amazon a Co kritt. D’Haaptsaach, mir kréien eis Wuer sou séier a sou bëlleg wéi méiglech heem geliwwert. Wat hannert de Kulisse mat de Chauffeure geschitt, wousste mer bis elo net. Mä de Ken Laoch an de Paul Laverty weisen eis, wou de kapitalistesche Bock d’Lach an de Portmonnie huet.

De Film ass haart, Liichtblécker ginn et der ganz wéineg. De Film ass schwaarz, dat wat de Rick a seng Famill duerchmaache mussen, gläicht enger „descente aux enfers“... an et sëtzt een am Kino, et rëselt een de Kapp, well een d’Gefill net lassgëtt, dat de Loach eis keng Fake News hei verkeeft, mä dat alles, wat een um Ecran gesäit batter Realitéit ass. Do ginn engem méi wéi eemol d’Schudderen aus.

„Sorry we missed you“ ass sécher keen einfache Film, mä et ass en essentiellt Beispill vu sozialem Kino, dat et verdéngt, datt een sech domat ausenanersetzt.

Jemp Thilges