Bei der „Semaine de la critique“ zu Cannes gouf et dëst Joer eng Première. Fir d’éischte Kéier gouf hei mat „J’ai perdu mon corps“ en Animatiounsfilm ausgezeechent. Zanterhier gouf de Film vun Netflix opkaaft a krut nach eng etlech weider Auszeechnungen. Eng verdéngten Unerkennung fir e Film, deen de Spectateur mat op eng ongewéinlech Rees hëlt. Detailer mam Danièle Michels.

Eng Hand erënnert sech un de Kierper, mat deem se bis viru Kuerzem verbonne war, un all dat, wat si gespuert a gefillt huet. Si mécht sech op d'Sich no deem Kierper. Parallel dozou léiere mer de Naoufel kennen, dee sech an d'Gabrielle verléift huet. Wat um Pabeier onméiglech kléngt, funktionéiert bei „J'ai perdu mon corps" mat beandrockender Poesie a Fluiditéit. De Regisseur hëlt den Zuschauer mat op eng spannend Rees duerch Paräis: Eng Hand op der Sich no hirem Kierper an e jonke Mann op der Sich no der Léift. Eng Geschicht iwwer Schicksal a Bestëmmung.

„J'ai perdu mon corps" ass e sënnleche Film, am beschte Sënn vum Wuert, et mengt een, et géing ee spieren, u wat d'Hand sech erënnert. De Regisseur bréngt et fäerdeg- an dat och mat Hëllef vun der excellenter Musek - fir de Spectateur ze beréieren. Eng onorthodox Geschicht voller Poesie, mat enger Hand als Haaptpersonnage.

Eemol méi e Beweis, datt Animatiounsfilm net gläich Kannerfilm ass, an datt en Animatiounsfilm engem konventionelle Film an der Qualitéit an näischt nosteet