D’gëlle Kamera, dat heescht d’Auszeechnung fir de beschten 1. Film um Festival zu Cannes, goung dëst Joer an de Guatemala un de César Diaz fir säin „Nuestras madres“.

De Regisseur mat Pass aus der Belsch an dem Guatemala huet hei de Genozid vun der Maya-Populatioun Ufank der 1980er thematiséiert.

FvdW: Nuestras Madres vum César Diaz
E Film, deen de Genozid vun der Maya Populatioun an den 1980er Joren am Guatemale thematiséiert.

Den Ernesto schafft an der Rechtsmedizin an hëlleft d’Affer vum Genozid un der autochthonescher Bevëlkerung ze fannen an ze identifizéieren. Hie selwer sicht säi Papp, deen hien ni konnt begruewen, och hien ass beim Biergerkrich ëm d’Liewe komm. Seng Mamm well vun där Vergaangenheet näischt méi wëssen.

De Cesar Diaz filmt déi Siicht, en Opschaffe vun der eegener Geschicht enk verbonnen mat der Geschicht vum Guatemala, op eng sober, scho bal kriminaltechnesch Manéier. Grouss Emotiounen léisst hien, wéinstens op der Leinwand, net opkommen. Eng gutt Method fir den Zuschauer, dee méiglecherweis kaum Anung vun deene grujelege Faiten huet, schudderen ze doen.

„Nuestras Madres“ reit sech an eng Rëtsch  „sozialkritesch“ Filmer an, déi an de leschte Joer d’Liewenswierklechkeet aus Zentralamerika weisen. E sobere Film, deem e vläicht virwerfe kann, dat en d‘Hannergrënn vum Biergerkrich kaum beliicht. Dofir awer den Zuschauer, virun allem den europäeschen, an eng manner bekannte Welt mathëlt. Wat warscheinlech och erkläert, firwat d’Belsch als Koproduzent vum Film „Nuestras madres“ als hire Favorit an d’Course fir d’Oscare schéckt.