Anescht wéi déi Jore virdrun invitéiert de Firmechef Änder dëst Joer och säi Fils, vun deem e bis viru kuerzem keng Anung hat. Et geet ëm seng Nofolleg, well den Änder huet eng schlecht Nouvelle ...

De Konkurrenzkampf ëm d‘Nofolleg als Chef ka lassgoen. Esouwäit den Ausgangspunkt an de Kader vum Luc Feit sengem 1. Film "De Buttek".

Vill méi Informatioune kruten d'Schauspiller – all bekannte Gesiichter aus der Lëtzebuerger Theater-a Filmzeen och net, éier si op den Tournage komm sinn. Een Zenario am traditionelle Sënn vum Wuert gouf et keen, d’Iddi war et, esouvill wéi méiglech Plaz fir Improvisatioun ze loossen.

Erauskomm ass eng beandrockend Teamaarbecht, e skurril-abstruse Film, mol melancholesch, mol grandios witzeg. Virun allem an der 1. Hallschent ass "De Buttek" e Genoss fir all d‘Fans vum absurd-subtillen Humor.

Géint der Schluss – wann de Buttek da perfekt ass - rutscht de Film e bësse méi an de Klamauk of.

Alles an alles ass dem Luc Feit säin 1. Long-mètrage awer den ideale Film, fir d’Adventszäit esou richteg unzefänken.