Viru 17 Joer ass den internationale Public op den Elia Suleiman a seng absurd-burlesk Filmer iwwer Palestina opmierksam ginn.

Mat sengem 2. Film „Divine intervention“ huet de Regisseur deemools de Präis vum Jury zu Cannes kritt. Och säin neiste Film thematiséiert d'Situatioun a Palestina a gouf dëst Joer zu Cannes ausgezeechent. „It must be heaven“ leeft elo bei eis am Kino.

Den Elia Suleiman ass bekannt fir seng absurd Filmer, an deenen hie bal ni eppes seet, mä d’Geschehen ëm sech erëm genee beobacht. Esou och an „It must be heaven“ wou den Alter Ego vum Suleiman Palestina verléisst, fir a Frankräich an dono an Amerika Sue fir e Film opzedreiwen. E Virwand souzesoen, fir dat ënnert Lupp ze huelen, wat an deenen 2 Länner passéiert, déi sech jo gären als besonnesch demokratesch a fräi bezeechnen.

De Palestinenser weist eis eng sëllegen absurd-burlesk Zeenen: d’Militärparad vum 14 juillet an aner typesch franséisch oder amerikanesch Spezialitéiten, ëmmer aus den A vum externe Beobachter an als Spigelbild zu der Situatioun a Palestina.

„It must be heaven“ ass en Ovni an der Kinoswelt, e Film dee schwéier anzeklasséieren ass a sécher net jidderengem wäert gefalen. Den Zuschauer brauch zimmlech vill Zäit a Gedold fir an de Film eranzeklammen: seng Handlung oder soe mer mol éischter Struktur wäisst sech eréischt no an no. Déi Gedold gëtt mat enger Rei excellenter Zeenen belount: Mattendran den Elia Suleiman a säin typesche burlesk-kriteschen Humor.