An Norwegen huet "Out stealing horses" dëst Joer bal all d'Präisser vum norwegesche Film gewonnen.

Elo kënnt de Film vum Hans Petter Moland och bei eis an de Kino a weist, wéi e Mann, dee seng Jugenderënnerunge wollt verdrängen, nees mat senger Vergaangenheet konfrontéiert gëtt. Dat Ganzt a wonnerschéine Landschaftsopnamen.