Viru 5 Joer huet d’Jessica Hausner hire Film „Amour fou“, eng eistreichesch-däitsch-lëtzebuerger Koproduktioun zu Cannes um Filmfestival gewisen.

Dëst Joer war si nees op der Croisette dobäi, déi kéier mat „Little Joe", fir deen hir Haaptduerstellerin Emily Beecham de Präis vun der beschter Schauspillerin gewonnen huet.

Ob déi wierklech esou grouss ass, dierf ee bezweifelen. Och wann hir Erfinderin, d'Genetikerin Alice, am Ufank esou begeeschtert ass, datt si déi nach net patentéiert Planz mat heem hëlt an hir esouguer den Numm vun hirem Fils gëtt.

Fir den Zuschauer ass e gewësse Malaise vun Ufank u spierbar. De klineschen Univers, déi onwierklech Pastellfaarwen, eng Mise en scène, wéi mam Skalpell an eng Musek aus enger anerer Zäit - alles Ingredienten, déi d'Jessica Hausner gekonnt asetzt, fir datt ee sech an der Kinosfotell net wierklech wuel spiert.

A bemol schéngt och d'Alice ze mierken, datt mat hirer Planz eppes net stëmmt. Mee ass et dann net scho vill ze spéit? D'Jessica Hausner, Meeschterin vun der Distanz, huet e Film gemaach, deen ee formal nëmme bewonnere kann. „Little Joe" ass äiskal, eng Mëschung tëscht Sci-Fi an Horrorfilm, deem seng Biller engem esou séier net méi aus dem Kapp ginn.