Viru 15 Joer huet de belsche Realisateur Fabrice du Welz mat sengem Film "Calvaire" den 1. Deel vu senger Ardenner-Trilogie an de Kino bruecht.

Deemools eng belsch-lëtzebuerger Koproduktioun. Elo leeft mat "Adoration" den 3. Deel vun der Trilogie am Kino. Am Mëttelpunkt wéi och an deenen 2 aneren Deeler en "Amour fou“.

Déi 1. Kéier, wou de Paul d’Gloria gesäit, ass e faszinéiert. Hien, zimmlech naiv, deen eleng mat senger Mamm lieft, weess, datt en dat jonkt Meedchen aus der Psychiatrie muss befreien. Egal wéi.

"Adoration" begleet déi jonk Koppel op hirer Flucht, de Paul, dee wuel versteet, datt mam Gloria eppes net an der Rei ass an d’Gloria, wat vun Halluzinatioune geplot, de Kommando iwwerhëlt. Eng Flucht aus der Welt vun den Erwuessenen – gefilmt wéi en Dram, mat vill Niwwel, vill Symbolik a villen No-Opnamen vun den 2 Protagonisten. En Dram allerdéngs, dee sech ëmmer méi als Cauchemare erausstellt.

De Realisateur weist eis d’Flucht aus den Ae vum Paul, deen ëmmer méi an de Bann vum Gloria geréit an am Personnage vum Hinkel, excellent vum Benoît Poolvoerde interpretéiert, eng Aart erwuessenen Alter-ego fënnt. "Adoration" ass e Märchen – ouni Zweiwel e grausaamt – mat 2 jonke Schauspiller, dem Thomas Gioria an dem Fantine Harduin, déi hir jeeweileg Rolle perfekt interpretéieren. Eng tragesch Libesgeschicht.