Eise Kinotipp kënnt dës Kéier aus Tunesien. Mir léieren d'Noura kennen, eng Fra déi mat hirem Amant e neit Liewen wëll ufänken. Dofir muss se awer fir d'éischt gescheet ginn an déi Scheedung leeft net esou wéi geplangt.

"Noura rêve" vun der tunesesch-belscher Realisatrice Hinde Boujeema gëtt Abléck an déi tunesesch Realitéit.

Nach 4 Deeg an da kann d‘Noura en neit Liewe mam Lassad ufänken. Mee wéi hire Mann ze fréi aus dem Prisong entlooss gëtt, schéngt dem Noura säin Dram ze platzen. An Tunesien steet nämlech eng Prisongsstrof vu 5 Joer op Ehebroch.

„Noura rêve“ weist wéi d’Noura probéiert aus der Zwéckmillchen erauszekommen, wéi se tëscht Famill a Lassad hin a hir jongléiert.  Hire Mann, deem seng Éier um Spill steet, huet scho laang Wand vun der Relatioun vu senger Fra kritt a probéiert si, op seng Manéier ënner Drock ze sëtzen, an hiren Amant ze diskreditéieren.

„Noura rêve“ gëtt eis Abléck an d’tunesesch Gesellschaft, an där d’Scheedung wuel erlaabt ass, mee de Machismus an d’Ënnerdréckung vun der Fra nach ëmmer omnipresent ass. De Combel ass wuel, datt Autoritéiten de Lassad, deen ëmmerhin e puer mol am Prisong souz, kloer ënnerstëtzen.

Fir hiren 1. Film huet sech d’Realisatrice bekannte Gesichter aus dem tunesesche Film erausgesicht: D’Roll vun der Noura spillt Hend Sabri, e Star an der arabescher Welt, änlech bekannt ass och hire Filmmann de Lofti Abdelli, Schauspiller an Humorist an Tunesien.