2016, ee Joer éier mat der Affär Weinstein d’MeToo-Bewegung international bekannt gouf, hat et ferm an der Medienzeen gerabbelt.

Den Roger Ailes, Direkter vun der rietser Televisiounschaîne Fox, huet missen säin Hutt huelen. Eng etlech Journalistinnen hunn him sexuell Iwwergrëffer virgeworf. A sengem neiste Film „Bombshell“ verschafft den Amerikaner Jay Roach déi Zäit bei der Fox mat Starbesetzung.

Dat ass eng vun de grousse Froe vu „Bombshell“: firwat hunn deemools net méi Fraen dem Gretchen Carlson, laang Zäit Starreporterin, de Réck gestäipt, wou si de Roger Ailes wéinst sexuellen Iwwergrëff ugeklot huet. D’Äntwert liwwert de Film och: e perfide System bei der Fox mat engem omnipotenten CEO, dee seng Journalistinnen ënner Drock gesat an ënnerteneen ausgespillt huet, huet déi Machenschaften erméiglecht.

Mä der Rei no: „Bombshell“ léisst net nëmmen Gretchen Carlson, gespillt vun der Nicole Kidman, mä och d’Megyn Kelly eng aner Starreporterin zu Wuert kommen. Zesumme mat der Kayla, enger jonker fiktiver Journalistin, excellent vun der Margot Robbie interpretéiert, weise si, wéi den Ailes d’Fox a seng Journaliste fest am Grëff hat.

Dat de Film vu senger Aart a Weis z'erzielen un de „Big Short“ aus dem Joer 2015 erënnert, ass kee Wonner. De Charles Randolph huet och hei nees Dréibuch geschriwwen, just dat bei „Bombshell“ de Rhythmus mat Momenter verluere geet an een d’Impressioun kritt, de Realisateur hätt Schwieregkeeten, all seng Erzielsträng ënnert een Hutt ze kréien.

Méi eng glécklech Hand hat den Jay Roach bei der Auswiel vu senge Schauspiller, déi sinn all bis an déi klengstenNiewerolle perfekt. An et brauch een e bëssen Zäit, bis ee matkritt, dat Megyn Kelly vum Charlize Theron gespillt gëtt. Kee Wonner, dat de Mann hannert där Verwandlung nieft Theron a Robbie fir en Oscar nominéiert ass.