Viru méi wéi 150 Joer huet d'Louisa May Alcott "Little Women" publizéiert, zanterhier ass d’Buch bei jonke Lieserinnen e Bestseller a gouf och schonn eng sëllege Kéiere fir de Kino adaptéiert.

Elo kënnt der Greta Gerwig hir Adaptatioun vu "Little Women" an de Kino, mat an der Haaptroll der Saoirse Ronan.

RTL-Weekend: Film vun der Woch "Little Women"

Vum Bestueden hält d'Jo March net all ze vill. Si wëll schreiwen an esou onofhängeg hiert Liewe verdéngen, genee wéi hir Schwëstere Meg, Beth an Amy, déi all vun enger Karriär als Kënschtlerin dreemen. Um Enn vum 19. Joerhonnert, virun allem, wann een aus einfache Verhältnisser kënnt, sécher net dee gängegsten an och net einfachste Wonsch.

D'Greta Gerwig huet sech fir hir Adaptatioun kee linäre Film ausgesicht, mä spréngt tëscht enger méi glécklecher an onbeschwéierter Zäit, an där déi 4 jonk Fraen nach zesumme liewen an e puer Joer dono, wou jiddweree säi Wee muss goen, hin an hir. E "coming of age"-Film iwwer 4 ambitionéiert  jonk Fraen, iwwert hir Dreem, hir Desillusiounen an hir Aart a Weis domat eens ze ginn. Am Mëttelpunkt d'Jo March, eng Aart alter ego vun der Louisa May Alcott: Si struewelt am meeschten mat hiren Ambitiounen an de gesellschaftlechen Normen. Kee Wonner, datt d'Regisseurin, déi och schonn an hirem viregte Film d’Erwuesse ginn vun enger jonker Fra portraitéiert huet, dee komplexe Personnage an de Virdergrond stellt.

Hir Rollen huet d'Greta Gerwig, déi och de Zenario vum Film geschriwwen huet, all excellent besat, sief dat mat der Saoirse Ronan als Jo, der Florence Pugh als Amy oder der Meryl Streep als Tatta."Little Women"ass eng frësch Adaptatioun vun engem Bestseller aus dem 19. Joerhonnert.